Op den Inhalt sprangen

NGC 7027

Vu Wikipedia
Date vum NGC 7027
De planetareschen Niwwel NGC 7027 Foto vum Hubble Space Telescope
Objettyp Planetareschen Niwwel
Stärebild Cygnus (Cyg)
Positioun (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 21h 07m 01,7s
Deklinatioun +42° 14' 12"
Ausgesinn
Visuell Magnitude +8,5m
Wénkelduerchmiesser 0,3' × 0,2'
Zentralstär
Bezeechnung HD 201272 (SAO 50463, BD +41° 4004)
Spektralklass  
Physikalesch Daten
Gehéiert zu der Mëllechstrooss
Distanz zirka 3000 Liichtjoer
Absolut Hellegkeet  
Absolutten Duerchmiesser zirka 14.000 AE
Radialvitess +8,9 km/s
Alter zirka 600 Joren
Katalogbezeechnungen
NGC 7027, PK 84-3.1, PN G084.9-03.4

Beim NGC 7027 handelt et sech ëm e Rescht vun engem sonnenänleche Stär, deen e planetareschen Niwwel gemaach huet. E läit op enger Distanz vun 3.000 Liichtjoer vun eis ewech am Stärebild Cygnus (Schwan). Seng visuell Magnitude ass 8,5 mag an en huet e Wénkelduerchmiesser vun ongeféier 0,3 × 0,2 Bouminutten. De richtegen Duerchmiesser vum NGC 7027 ass ronn 14.000 AE (0,2 Liichtjoer), womat hien zu de klengsten a jéngste bekannte planetareschen Niwwele gehéiert. Säin Alter gëtt op ronn 600 Joer geschat.
Den NGC 7027 gouf am Joer 1878 vum Édouard Jean-Marie Stephan entdeckt.

Portal Astronomie

Commons: NGC 7027 – Biller, Videoen oder Audiodateien