Op den Inhalt sprangen

NGC 7026

Vu Wikipedia
NGC 7026 (Planetareschen Niwwel)
Composite-Bild mat Hëllef vun optesche Biller vum Hubble-Weltraumteleskop.
Stärebild Cygnus (Cyg)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 21h 6m 18.6s
Deklinatioun + 47° 51' 10"
Ausgesinn
Wénkelduerchmiesser 45"
Physikalesch Donnéeën
Routverrécklung -0,000135
Radialvitess -40,6
Geschicht
Entdecker Sherburne Wesley Burnham
Entdeckungsdatum 6. Juni 1873
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
NGC 7026
PK 89+0.1

Den NGC 7026 ass e Planetareschen Niwwel am Stärebild Cygnus. Den NGC 7026 huet verschidde, bipolar Bëlzen déi beienee leien an déi vun enger rankaarteger Taille ausginn. Am Zenter sëtzt e waasserstoffaarme WC-Stär. Duerch seng Gréisst a seng Ausdehnungsvitesse geet ee vun engem Alter vum Niwwel vun ënner 1.000 Joer aus. Eng Röntgenobservatioun mam XMM-Newton weist eng héich Emissioun an de Bëlzen, déi méiglecherweis vun ongeféier enger Millioun Kelvin gliddegem Plasma an dëse Beräicher vum relativ jonken Niwwel staamt.[1]

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Robert A. Gruendl et al.: XMM-NEWTON OBSERVATIONS OF THE BIPOLAR PLANETARY NEBULAE NGC 2346 AND NGC 7026, The Astrophysical Journal, 653:339-344, 2006 December 10