Nak Muay

Vu Wikipedia
Nak Muay
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 11. September 2013
Dauer 55 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch, Thai, Däitsch, Hollännesch
Ekipp
Regie Christan Muno, Raoul Schmitz, Fränk Muno
Dréibuch Christan Muno, Raoul Schmitz, Fränk Muno
Fotografie Raoul Schmitz
Musek Emre Sevindik
Schnëtt Amine Jaber
Produzent Anne Schroeder (Samsa Film)
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Nak Muay ass en Documentaire vun de lëtzebuergesche Regisseure Christan Muno, Raoul Schmitz a Fränk Muno.

E koum den 11. September 2013 eraus.

Wourëms geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film begleet de lëtzebuergeschen Thai-Boxer Kevin Haas bei senge Virbereedungen op d'Weltmeeschterschaft an op senge Reesen duerch d'Tierkei, Holland, Thailand, Russland a Fankräich...

"Nak Muay" ass den thailännesche Begrëff fir en Thai-Boxer.[1]

Produktiounsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Iddi vum Film ass am Wanter 2010/2011 entstanen.[2] D'Regisseure sinn Frënn vum Kevin Haas an hunn him proposéiert e Film iwwer en ze dréinen.[3] Si hu verschidde Filmproduktiounsfirmen ugeschriwwen a Samsa Film huet si agelueden, hiert Konzept virzestellen. Duerno krute si e Subside vun 20.000 Euro vum Lëtzebuerger Filmfong a si hunn ugefaange mat dréinen. Spéider krute si nach e weidere Subside vun 175.000 Euro.[4]

D'Filmcrew huet de Boxer dunn iwwer eng Period vun annerhallwem Joer reegelméisseg begleet, duerno war de Film nach sechs Méint a Postproduktioun.[5] Am Ganze goufen 100 Stonne Filmmaterial opgeholl.[6]

Filmfestivallen a -präisser[änneren | Quelltext änneren]

D'Fédération internationale cinéma télévision sportifs (FICTS) huet de Film auserwielt, fir op de FICTS-Festivaller 2014 ze weisen. Donieft gouf en awer och um Portobello Film Festival zu London an um Docutah International Documentary Film Festival am US-amerikanesche Staat Utah gewisen.

Beim Lëtzebuerger Filmpräis 2014 war de Film an der Kategorie "Beschten Documentaire" nominéiert. An der Kategorie "Bescht kënschtleresch Kontributioun" war den Emre Sevindik fir seng Musek nominéiert. Den Amine Jaber war fir de Montage an de Raoul Schmitz fir d'Kamera an der Kategorie "Bescht technesch Kontributioun" nominéiert.

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Manfred Enery, Le Jeudi:[7]

Nak Muay, à l'opposé des documentaires courants (les "docucus"), s'ouvre ainsi sur le hors-champs pour laisser souffler le maximum d'émoition et nous interroger sur l'heureux effet de la boxe thaï sur le comportement humain.

Anne Heintz, wort.lu:[2]

Über die Darstellung des Boxer-Milieus hinaus, ermöglicht der 55-minütige Film Einsichten, in einen ereignisreichen, bewegenden und emotionalen Lebensabschnitt vom Profi-Boxer, Filmaufnahmen, die aus dem Moment heraus entstanden sind, ohne Eingreifen in das Geschehen, ohne Vorherbestimmung der Drehmomente. Ein Film weit weg vom klischeehaften Image der Boxer-Szene.

Marie-Amandine, Den Neie Feierkrop:[8]

[M]algré quelques petits erreurs de jeunesse tout à fait compréhensbibles, leur film se découvre avec plaisir, à condition de s'intéresser tant soi peu aux sports exotiques et à l'histoire de cet underdog qui n'a jamais atteint le statut de top dog auquel il aspirait.

Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land[9]

Si le film veut dépasser le reportage, toucher quelque chose de plus profond, ce n'est que partiellement réussi. S'il se veut un portrait de Kevin Haas, personnage certes extrêmement attachant, ce n'est que partiellement réussi aussi, puisqu'il ne sonde jamais vraiment sa part d'ombre, ses motivations réelles à pratiquer un sport à ce niveau, l'abîme existentiel qui l'a mené vers là. [...] Il demeure de très beaux moments, de belles images et des scènes magnifiques, dont certaines sont dues au tournage [.]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Film um Site vum CNA
  2. 2,0 2,1 wort.lu: „Nak Muay - Das Leben ist der Ring" (11. September 2013)
  3. muaythaitv.fr: NAK MUAY - le film sur Kevin HAAS vum Julien Lanchas (11. September 2013)
  4. Luxemburger Wort vum 10. September 2013: Nak Muay - Le ring, ma vie vum Anne Heintz, S. 54
  5. Youtube-Kanal vum Uelzecht.Kanal : Filmpremière Nak Muay, Interview mat de Regisseuren (17. September 2013)
  6. Tageblatt vum 6. September 2013: Höhen und Tiefen im Ring vum Arman Hoffmann, S. 15
  7. Le Jeudi vum 12. September 2013: Un ardent parcours de combattant vum Manfred Enery, S. 29
  8. Den Neue Feierkrop vum 13. September 2013: The Quiet Man vum Marie-Amandine, S. 3
  9. land.lu: À nous, la vie vum Josée Hansen (13. September 2013)