Op den Inhalt sprangen

Nandu

Vu Wikipedia
Nandu
En Nandu

En Nandu
En Nandu
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Lafvullen
Famill: Nanduen
Gattung: Rhea
Aart: Nandu
Wëssenschaftlechen Numm
Rhea americana
(Linnaeus, 1758)

Den Nandu (Rhea americana) ass eng Vullenaart a Südamerika an der Uerdnung vun de Lafvullen. Wéi och déi aner Lafvullen kënnen d'Nanduen net fléien.

Nandue gi bis zu 1,40 Meter grouss, d'Héicht vum Réck läit bei ongeféier 1 Meter. Si hunn e Gewiicht vun 20 bis 25 Kilogramm. D'Pëlle sinn e bësse méi kleng.

Nanduhunne probéieren duerch Kämpf en Harem vun 2 bis 12 Pëllen z'erueweren. Wann et hinne gelongen ass, maache si e Lach vun engem Meter Duerchmiesser an de Buedem, wou all Pëll an Zäit vun e puer Deeg seng Eeër draleet. D'Ausbréie vun de bis zu 50 Eeër an d'Opzuucht vun de Jonken iwwerhëlt den Hunn.

En Ee vum Nandu
 Commons: Nanduen – Biller, Videoen oder Audiodateien