Nea Lone

Vu Wikipedia
Nea Lone
Museksgenre (Uergel-)Pop, Neo-Soul
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2023
Websäit https://www.nealonemusic.com/
Aktuell Memberen Nadja Prange, Fred Barreto, Tanja Duprez, Max Serra, Jim Scheck

Nea Lone ass eng lëtzebuergesch Popmuseksgrupp, déi 2023 gegrënnt gouf, an hiren éischten Optrëtt den 13. August um Pangea-In-Love-Festival[1] zu Ëlwen hat. Den Numm Nea Lone ass aus der Science-fiction inspiréiert, vum Personnage Neo aus dem Film The matrix.

D'Nea Lone ass den Alter ego vun der Organistin, Sängerin a Liddermaacherin Nadja Prange. Si gëtt der Popmusek een neien Dréi andeems se d'Hammonduergel a modernen Tounlandschaften integréiert an e Genre kreéiert, deen als "Uergelpop" bezeechent ka ginn. D'Musek kombinéiert Elementer vum Jazz, Hip-Hop a Pop mat engem Touch vun Neo-Soul. Dem Nea Lone hier introspektiv Texter befaasse sech mat der Komplexitéit vum Mënschsinn.

D'Nadia Prange spillt och nach an aner Formatioune wéi z. B. bei Fred Barreto Group (Rock) an Nicool (Rap, Hip-Hop). Bis 2023 huet si och bei Le Vibe (Reggae) matgespillt.

Membere vun Nea Lone (Stand 2024)[änneren | Quelltext änneren]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2023: Hey Boy. Single.
  • 2023: Gonna Give It. Single.
  • 2023: Lose Your Way. Single.
  • 2023: What Does It Take? Single.
  • 2024: Something. Single.
  • 2024: Double Trouble. Album, CD & Vinyl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. Nea Lone @ Pangea in Love (Official Aftermovie)