Nicolas Kettel
Ausgesinn
Nicolas Kettel | |
---|---|
Gebuer |
17. Dezember 1925 Diddeleng |
Gestuerwen |
7. Abrëll 1960 Lëtzebuerg |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
Veräin/Ekipp |
Stade Dudelange, Stade Dudelange, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1948 |
Den Nicolas Kettel oder Nic Kettel, gebuer de 17. Dezember 1925 zu Diddeleng, a gestuerwen de 7. Abrëll 1960 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten[1], Foussballspiller an Olympionik.[2]
Hien huet fir d'"Stade" zu Diddeleng a bei de Young Boys zu Dikrech gespillt a 57 Matcher an der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp.[3]
Hie war bei den Olympesche Spiller 1948 zu London dobäi an huet beim Match Lëtzebuerg - Jugoslawien (1-6) matgespillt.[4]
Hien ass de 7. Abrëll 1960 duerch en tragescht Autosaccident gestuerwen, an dem och den Nico Reiff an den Nico Schlesser ëm d'Liewe komm sinn.[5]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Fédération des enrôlés de force - Nicolas Kettel. www.ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de(n) 2023-06-24.
- ↑ Den Nic Kettel op der Websäit vu sports-reference.com
- ↑ Lëscht mat de Lännermatcher vum Nic Kettel op der Websäit eu-football.info
- ↑ Den Nic Kettel op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
- ↑ [1]