Nicolas Meyers (1871)
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Nicolas Meyers vu Bauschelt. Fir aner Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Meyers. |
| Nicolas Meyers | |
|---|---|
| Gebuer | 30. August 1871 |
| Gestuerwen | 31. Mee 1935 |
| Aktivitéit | Politiker |
| Fonctioun | Buergermeeschter |
|
| |
De Jean Nicolas Meyers, gebuer den 30. August 1871 zu Bauschelt[1] an do gestuerwen den 31. Mee 1935, war e lëtzebuergesche Politiker[2] (Rietspartei).
Hie war vun 1918 bis zu sengem Doud Buergermeeschter vun der Gemeng Bauschelt.[3]
Hie gouf bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 als Deputéierten an d'Chamber gewielt. Bei de partielle Chamberwale vum 28. Mee 1922 a bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 gouf hien erëmgewielt.
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Jean Nicolas Meyers op www.deltgen.com
- 1 2 Doudesannonce vum Nicolas Meyers am Luxemburger Wort vum 31. Mee 1935. Gekuckt de 15.03.2015.
- ↑ Memorial N° 73 vun 1934 mat der Lëscht vun de Buergermeeschteren déi de 26. Dezember 1934 als Buergermeeschter ernannt goufen.
