Nicolas Salentiny

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nicolas Salentiny
Gebuer 26. November 1826
Ettelbréck
Gestuerwen 24. November 1898
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Guillaume Nicolas Salentiny, gebuer de 26. November 1826 zu Ettelbréck a gestuerwen de 24. November 1898 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.[1][2]

Hie war Distriktkommissär zu Miersch (1857) an duerno zu Gréiwemaacher (1857-1859),[1] Conseiller de gouvernement, Procureur général, Conseiller effectif op der Cour supérieure de justice a President vun der Chambre des comptes.

Den 21. Juni 1869 ass hien als Vertrieder vum Kanton Gréiwemaacher an d'Chamber gewielt ginn.[2] De 7. Februar 1870 ass hie Generaldirekter (Minister) fir den Interieur an der Regierung Servais ginn, e Posten, deen hien an der Regierung de Blochausen behalen huet (vum 26. Dezember 1874 bis de 6. August 1878).[3]

Vum 6. August 1878 bis de 25. November 1898 war hie Member vum Staatsrot.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten: biographische Notizen. P. Faber, Grevenmacher, S. 78.
  2. 2,0 2,1 Luxemburger Wort 1898, Nr. 329 (25. November), S. 3 (Sterbefall).
  3. Thewes, G., 2008. Les Gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848. Luxembourg, Service Information et Presse, S. 35, 43.
  4. Lëscht vun de Leit déi 1894 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Archivéiert op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2013-01-07.