Nicolas Salentiny

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Guillaume Nicolas Salentiny, gebuer de 26. November 1826 zu Ettelbréck a gestuerwen de 24. November 1898 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.[1][2]

Hie war Distriktkommissär zu Miersch (1857) an duerno zu Gréiwemaacher (1857-1859),[1] Conseiller de gouvernement, Procureur général, Conseiller effectif op der Cour supérieure de justice a President vun der Chambre des comptes.

Den 21. Juni 1869 ass hien als Vertrieder vum Kanton Gréiwemaacher an d'Chamber gewielt ginn.[2] De 7. Februar 1870 ass hie Generaldirekter (Minister) fir den Intérieur an der Regierung Servais ginn, e Posten, deen hien an der Regierung de Blochausen behalen huet (vum 26. Dezember 1874 bis de 6. August 1878).[3]

Vum 6. August 1878 bis de 25. November 1898 war hie Member vum Staatsrot.

Gielercher

Referenzen

  1. 1,0 1,1 Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten: biographische Notizen. P. Faber, Grevenmacher, S. 78.
  2. 2,0 2,1 Luxemburger Wort 1898, Nr. 329 (25. November), S. 3 ( Sterbefall ).
  3. Thewes, G., 2008. Les Gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848. Luxembourg, Service Information et Presse, S. 35, 43.
  4. Lëscht vun de Leit déi 1894 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen