Nicolas Watlet

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nicolas Watlet
Gebuer 13. August 1789
Dikrech
Gestuerwen 19. Mäerz 1868
Nationalitéit Belsch, Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Riichter

Den Nicolas Hippolyte Watlet, gebuer den 13. August 1789 zu Dikrech, gestuerwen den 19. Mäerz 1868, war e lëtzebuergeschen Affekot, Riichter a Politiker.

Mat 13 Joer ass hien op d'Militärschoul vu Saint-Cyr gaangen a koum do als Sergeant-Major eraus.

Hien huet awer op seng militäresch Karriär verzicht fir zu Paräis Droit ze studéieren.

1812 gouf hien Affekot um Barreau zu Dikrech.

Vun 1830 bis 1831 war hie Member am belschen Nationalkongress (Congrès national).

Den Nicolas Watlet gouf den éischte President vum "Institut Archéologique du Luxembourg" deen den 18. August 1847 zu Arel gegrënnt gouf, an ass dat bis 1868 bliwwen.