Nicolas Welsch

Vu Wikipedia
Nicolas Welsch
Gebuer 6. Juni 1952
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Universitéit vu Léck,
Fernuniversität Hagen
Aktivitéit Politiker, Ingenieur


Den Nicolas Welsch, gebuer de 6. Juni 1952, ass e lëtzebuergeschen Elektro- a Maschinnebauingenieur.

No sengem Secondaire am Stater Kolléisch huet hien Ingenieur op der Universitéit vu Léck studéiert an e Fernstudium an der Economie op der Universitéit vun Hagen gemaach[1].

De Welsch war vun 1976 bis 2006 Direkter bei der CFL an duerno Generaldirekter vun der Lorry-Rail-Gesellschaft.

Vun 2008 bis 2014 war hie President vum Verwaltungsrot vum Syndicat intercommunal à vocation multiple - SIAS a vun November 2011 bis November 2014 Buergermeeschter vun der Gemeng Schëtter[1]; virdru war hien och schonn am Gemengerot als DP-Politiker aktiv.

Zanter 2015 ass hie Consultant am Eisebunnsberäich[1].

Den Nicolas Welsch bedreift Karate-Sport. Zu Mamer, wou hie grouss gouf ass hie President an Trainer vum Karate-Club.

1996 war hien ee vun den Initiateure vum Projet Trains around the clock, bei deem Modellzich ëm den Tuerm vun der Stater Gare gedréint hunn.

En ass bestuet a wunnt mat senger Fra an hiren dräi Kanner zu Mënsbech.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell Säit vun der Lorry-Rail

  1. 1,0 1,1 1,2 CV vum Nicolas Welsch op sengem Profil op linkedin.com, gekuckt den 1. Januar 2020