Norbert Hastert

Vu Wikipedia
Versioun vum 02:52, 18. Okt. 2023 vum InternetArchiveBot (Diskussioun | Kontributiounen) (Rescuing 2 sources and tagging 0 as dead.) #IABot (v2.0.9.5).
Norbert Hastert
Gebuer 27. Februar 1942
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Den Norbert Hastert op senger Ausstellung zu Conter (November 2005) mat engem vu senge Biller

Den Norbert Hastert ass e lëtzebuergesche Moler. Hien ass de 27. Februar 1942 an der Stad gebuer. Haut lieft a moolt hien zu Diddeleng.

Säi Liewen

Den Norbert Hastert huet de Lycée bis Première besicht. Konscht huet hien zu Tréier studéiert. Hien ass Member vum Cercle Artistique de Luxembourg a vum Institut Européen de l'Aquarelle.

Ausstellungen

Dem Norbert Hastert seng Biller waren zu Lëtzebuerg ënner anerem zu Esch-Uelzecht, Steesel, Beetebuerg, Munneref a Klierf ze gesinn. Seng Biller hunn och de Wee an d'Ausland fonnt, sou si se zu Metz, Bréissel, Gand, Vittel, Paräis, Den Haag an Dublin gewise ginn.

Literatur

  • Cent ans d'art luxembourgeois (1893-1993) (Band 2, Säit 202 an 203) (CAL)
Norbert Hastert: Vue op d'Stad

Kuckt och

Um Spaweck