Norbert Ketter
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Norbert Ketter (4. Abrëll 1942 zu Diddeleng - 5. Februar 1997 zu Esch-Uelzecht) war e lëtzebuergesche Fotograf.
Den Norbert Ketter huet zu Essen (Däitschland) op der Folkwang-Werkkunstschule studéiert, wou e beim Professer Otto Steinert Meisterschüler war. Hie gouf bekannt duerch seng schwaarz-wäiss Fotoen, déi en zu Lëtzebuerg an am Ausland ausgestallt huet. Zwee Bicher ginn Abléck a seng Konscht:
Seng Fotoen, déi hie selwer vergréissert huet, sinn a villen ëffentleche Gebaier ze gesinn. Dee gréissten Deel vu senge Fotoen hunn entweder lëtzebuergesch Landschaften oder Mënschen zum Thema. Hien huet mat Hasselblad - Mëttelformatfotoapparate geschafft a ganz vill Zäit un d'Vergréisserunge gehaangen.
No sengem Doud huet den CNA säi komplett fotografescht Wierk opkaaft, dat am Gaang ass restauréiert a katalogiséiert ze ginn.
Den Norbert Ketter war de Brudder vum Schrëftsteller Rolph Ketter a vum Grafiker Heng Ketter.