Nordesch Kombinatioun

Vu Wikipedia

D'Nordesch Kombinatioun ass eng Sportsdisziplin vun den Olympesche Spiller. Et ass eng Kombinatioun tëscht Schisprangen a Schilaanglaf. Dës Kompetitioun ass fir d'éischt bei den Olympesche Wanterspiller vun 1924 zu Chamonix dobäi gewiescht.

Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt dräi verschidde Kompetitiounen am Nordesche Schi a si ginn allen dräi an zwéin Deeg ofgehalen. Am Eenzel gëtt op enger Schanz vun 90 m gesprongen. Am Sprint an an der Ekipp ass et eng vun 120 m. D'Laanglafstreck huet am Eenzel 15 km, am Sprint 7.5 km an an der Ekipp 4 x 5 km.

Am Eenzel[änneren | Quelltext änneren]

All Athleet spréngt zweemol vun der Schanz a seng Punkte ginn notéiert. Den zweeten Dag start deen éischten aus dësem Klassement och als éischten. Déi aner starten an der Reiefolleg wéi se mat der Gundersen-Method errechent ginn ass.

Sprint[änneren | Quelltext änneren]

Den éischten Dag maachen d'Konkurrente just ee Sprong vun der grousser Schanz, den zweeten Dag e Laanglaf vu 7,5 km.

An der Ekipp[änneren | Quelltext änneren]

All Mannschaft besteet aus 4 Sportler. Hir Resultater beim Sprange ginn zesummegerechent a sou wéi beim Eenzel gi se dann op Basis vun deem Resultat deen aneren Dag op d'Piste geschéckt.

Olympesch Gewënner an der nordescher Kombinatioun am Eenzel

1924Thorleif Haug | 1928Johan Grøttumsbråten | 1932Johan Grøttumsbråten | 1936Oddbjørn Hagen | 1948Heikki Hasu | 1952Simon Slåttvik | 1956Sverre Stenersen | 1960Georg Thoma | 1964Tormod Knutsen | 1968Franz Keller | 1972Ulrich Wehling | 1976Ulrich Wehling | 1980Ulrich Wehling | 1984Tom Sandberg | 1988Hippolyt Kempf | 1992Fabrice Guy | 1994Fred Børre Lundberg | 1998Bjarte Engen Vik | 2002Samppa Lajunen | 2006Georg Hettich | 2010Jason Lamy-Chappuis | 2014Eric Frenzel | 2018Eric Frenzel |

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nordic combined – Biller, Videoen oder Audiodateien