Ulrich Wehling
| Ulrich Wehling | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
8. Juli 1952 Halle (Saale) |
| Nationalitéit | Däitschland, DDR |
| Gréisst | 183 cm |
| Gewiicht | 79 kg |
| Partei | Sozialistische Einheitspartei Deutschlands |
|
| |
Den Ulrich Wehling, gebuer den 8. Juli 1952 zu Halle, war en däitsche Spezialist vun der Nordescher Kombinatioun. Hie war an 70er-Joren de grousse Mann an dëser Disziplin. Hien huet dräimol hannerenneen d'Golmedail gewonnen (den eenzegen Athleet a sämtlechen Disziplinne bis elo an och den eenzegen an der Nordescher Kombinatioun). E war ausserdeem véiermol Weltmeeschter (d'Olympesch Spiller vun 1980 hunn och als Weltmeeschterschaft gezielt).
Hie war an der Internationaler Schifederatioun a bis 2012 am Kommitee vun der Nordescher Kombinatioun als Directeur des courses.
Palmarès
[änneren | Quelltext änneren]- Olympesch Wanterspiller 1972 zu Sapporo
Japan
Goldmedail an der Nordescher Kombinatioun (Eenzel)
- Olympesch Wanterspiller 1976 zu Innsbruck
Éisträich
Goldmedail an der Nordescher Kombinatioun (Eenzel)
- Olympesch Wanterspiller 1980 zu Lake Placid
USA
Goldmedail an der Nordescher Kombinatioun (Eenzel)
- Weltmeeschterschaft am Nordesch Schi 1972 zu Sapporo
Japan
Goldmedail an der Nordescher Kombinatioun (Eenzel)
- Weltmeeschterschaft am Nordesch Schi 1974 zu Falun
Schweden
Goldmedail an der Nordescher Kombinatioun (Eenzel)
- Weltmeeschterschaft am Nordesch Schi 1976 zu Innsbruck
Éisträich
Goldmedail an der Nordescher Kombinatioun (Eenzel)
- Weltmeeschterschaft am Nordesch Schi 1978 zu Lahti
Finnland
Bronze Medail an der Nordescher Kombinatioun (Eenzel)
- Weltmeeschterschaft am Nordesch Schi zu Lake Placid
USA
Goldmedail an der Nordescher Kombinatioun (Eenzel)
| Olympesch Gewënner an der nordescher Kombinatioun am Eenzel | |
|---|---|
|
1924: Thorleif Haug | 1928: Johan Grøttumsbråten | 1932: Johan Grøttumsbråten | 1936: Oddbjørn Hagen | 1948: Heikki Hasu | 1952: Simon Slåttvik | 1956: Sverre Stenersen | 1960: Georg Thoma | 1964: Tormod Knutsen | 1968: Franz Keller | 1972: Ulrich Wehling | 1976: Ulrich Wehling | 1980: Ulrich Wehling | 1984: Tom Sandberg | 1988: Hippolyt Kempf | 1992: Fabrice Guy | 1994: Fred Børre Lundberg | 1998: Bjarte Engen Vik | 2002: Samppa Lajunen | 2006: Georg Hettich | 2010: Jason Lamy-Chappuis | 2014: Eric Frenzel | 2018: Eric Frenzel | | |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Ulrich Wehling – Biller, Videoen oder Audiodateien |
