Nordesch Kombinatioun
D'Nordesch Kombinatioun ass eng Sportsdisziplin vun den Olympesche Spiller. Et ass eng Kombinatioun tëscht Schisprangen a Schilaanglaf. Dës Kompetitioun ass fir d'éischt bei den Olympesche Wanterspiller vun 1924 zu Chamonix dobäi gewiescht.
Reegelen
[änneren | Quelltext änneren]Et gëtt dräi verschidde Kompetitiounen am Nordesche Schi a si ginn allen dräi an zwéin Deeg ofgehalen. Am Eenzel gëtt op enger Schanz vun 90 m gesprongen. Am Sprint an an der Ekipp ass et eng vun 120 m. D'Laanglafstreck huet am Eenzel 15 km, am Sprint 7.5 km an an der Ekipp 4 x 5 km.
Am Eenzel
[änneren | Quelltext änneren]All Athleet spréngt zweemol vun der Schanz a seng Punkte ginn notéiert. Den zweeten Dag start deen éischten aus dësem Klassement och als éischten. Déi aner starten an der Reiefolleg wéi se mat der Gundersen-Method errechent ginn ass.
Sprint
[änneren | Quelltext änneren]Den éischten Dag maachen d'Konkurrente just ee Sprong vun der grousser Schanz, den zweeten Dag e Laanglaf vu 7,5 km.
An der Ekipp
[änneren | Quelltext änneren]All Mannschaft besteet aus 4 Sportler. Hir Resultater beim Sprange ginn zesummegerechent a sou wéi beim Eenzel gi se dann op Basis vun deem Resultat deen aneren Dag op d'Piste geschéckt.
Olympesch Gewënner an der nordescher Kombinatioun am Eenzel | |
---|---|
1924: Thorleif Haug | 1928: Johan Grøttumsbråten | 1932: Johan Grøttumsbråten | 1936: Oddbjørn Hagen | 1948: Heikki Hasu | 1952: Simon Slåttvik | 1956: Sverre Stenersen | 1960: Georg Thoma | 1964: Tormod Knutsen | 1968: Franz Keller | 1972: Ulrich Wehling | 1976: Ulrich Wehling | 1980: Ulrich Wehling | 1984: Tom Sandberg | 1988: Hippolyt Kempf | 1992: Fabrice Guy | 1994: Fred Børre Lundberg | 1998: Bjarte Engen Vik | 2002: Samppa Lajunen | 2006: Georg Hettich | 2010: Jason Lamy-Chappuis | 2014: Eric Frenzel | 2018: Eric Frenzel | |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nordic combined – Biller, Videoen oder Audiodateien |