Notabeleversammlung

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Notabeleversammlung (fr.: Assemblée des notables) war, a Frankräich, eng Versammlung déi vum Kinnek konsultéiert gouf zu Froen déi d'Kinnekräich betraff hunn, a wou d'Membere vum Kinnek ausgewielt goufen. Dës Versammlung hat vill verschidden Nimm, den Ausdrock « notables » koum vun der Versammlung zu Rouen am Joer 1596.

Den Ënnerscheed zu de Generalstänn koum dohier, wéi d'Leit ausgewielt goufen, déi an der Notabeleversammlung souzen. D'Membere vum Klerus, vum Adel, vun de Stied a vun de Parlamenter goufen net gewielt mä vum Kinnek erausgesicht. Ausserdeem goufen si invitéiert, hir Meenung ze soen, hunn awer keng Doléancë verfaasst (mat der Ausnam vun der Versammlung vu 1596 déi dëst Recht hat).

Och wann d'Versammlunge genee wéi d'Generalstänn no de Methode vum « Grand conseil » ofgehale goufen, hate si nëmmen eng partiell konsultativ Form, déi dem Kinnek méi trei war, well si vun him erausgesicht gouf. Si goufen ënner anerem zesummegeruff, fir Reformen an nei Steieren ze legitiméieren an/oder hinnen zouzestëmmen.

Tëscht 1627 a 1787 (160 Joer) gouf keng Notabeleversammlung aberuff.

Déi zwou lescht Versammlungen, déi aberuff goufen, sinn déi bekanntst. Déi éischt gouf den 22. Februar 1787 aberuff an huet bis zum 25. Mee vum selwechte Joer gedauert, déi zweet ass de 6. November 1788 lassgaangen an huet bis den 12. Dezember gedauert:

  • Déi éischt Versammlung gouf vum Louis XVI. aberuff, fir Subside vun deem Deel vun der Natioun ze froen, dee bis elo nach keng Steiere bezuelt hat: d'Notabele ware mat enger Steier op d'Lännereien averstanen, genee sou wéi enger Steier op Timberen an dem Ophiewe vun de Corvéeën. D'Parlament huet awer refuséiert, dës Mesuren z'enregistréieren, well laut hinnen nëmmen d'Generalstänn d'Recht hätten, sou Reformen opzestellen. Den Haff huet, nodeem en de Parlamenter net Meeschter gouf, resignéiert, a beschloss d'Generalstänn anzeberuffen.
  • Déi zweet Notabeleversammlung gouf aberuff, fir iwwer d'Organisatioun vun de Generalstänn ze schwätzen. Et goung drëms, erauszefannen, wéi eng Roll den Drëtte Stand ze spillen hätt, wann hien déiselwecht Representatioun wéi déi zwee aner Stänn, Adel a Klerus, géif kréien. Sollt no Kapp oder no Stand ofgestëmmt ginn, sollt den Drëtte Stand nëmmen eng Stëmm hunn, oder sollt dës verduebelt ginn, dat waren d'Froen déi sech gestallt goufen. D'Notabeleversammlung huet sech géint eng Verdueblung vun der Stëmm vum Drëtte Stand ausgeschwat, mä den Haff huet dem ëffentlechen Drock noginn, an et awer duerchgesat.

Chronologie vun den Notabeleversammlungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]