Noville-les-Bois
Ausgesinn
Noville-les-Bois | |
---|---|
Noville-les-Bois, d'Waasserschlass | |
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Provënz Namouer |
Arrondissement | Namouer |
Gemeng | Fernelmont |
Fläch | 1.051 |
Koordinaten |
50° 33’ 25.69’’ N 04° 59’ 08.46’’ O |
Telefonszon | 081 |
Postcode | 5380 |
Noville-les-Bois op Wallounesch Noveye-dilé-Bwès, ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Fernelmont an der Provënz Namouer.
Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war et eng eegestänneg Gemeng. Bei der Fusioun mat den Nopeschgemengen ass Noville den administrative Sëtz vun der neier Gemeng Fernelmont ginn. D'Uertschaft huet 1.312 Awunner.[1]
D'Noville-les-Bois ass haaptsächlech bekannt wéinst dem Schlass vu Fernelmont dat op sengem Territoire steet.
Duerch d'Uertschaft leeft eng kleng Baach de Petit Hoyoux.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Noville-les-Bois – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell Websäit vun der Gemeng Archivéiert de(n) 09.09.2007. Gekuckt de(n) 11.08.2008.