Onbefleckt Empfängnis

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Onbefleckten Empfängnis)
La Inmaculada Concepción. Uelegbild vum Peter Paul Rubens, ëm 1628-1629.
La Inmaculada Concepción. Uelegbild vum Bartolomé Esteban Murillo, ëm 1660.

De Begrëff Onbefleckt Empfängnis, op Latäin immaculata conceptio, ass d'Bezeechnung fir déi kathoulesch Glawensiwwerzeegung, datt d'Maria scho virun hirer Gebuert auserwielt war, fir déi spéider Mamm vum Jesus ze ginn. Dofir ass si ouni Sënd op d'Welt komm, also onbefleckt.

Dëse Glawenssaz ass awer eréischt am Joer 1854 vum Poopst Pius IX. zum Dogma erkläert ginn. Dëst Dogma ass net ze verwiessele mat der biblescher Ausso vun der Jongfraegebuert vum Jesus, respektiv der Jongfra Maria.

D'Kathoulesch Kierch feiert den 8. Dezember mat dësem Fest, "dass die seligste Jungfrau Maria im ersten Augenblick ihrer Empfängnis durch die einzigartige Gnade und Bevorzugung des allmächtigen Gottes im Hinblick auf die Verdienste Christi Jesu, des Erlösers des Menschengeschlechtes, von jeglichem Makel der Urschuld unversehrt bewahrt wurde".[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Onbefleckt Empfängnis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Katechismus der Katholischen Kirche, 490-493