Opbau vun der Äerd

Vu Wikipedia
Den Opbau vun der Äerd: 1) & 2) Äerdkär; 3) ënneschten Äerdmantel; 4) ieweschten Äerdmantel; 5) & 6) Äerdkuuscht

D'Äerd ass eng liicht ofgeflaachte Gestengskugel mat engem Metallkär. Ëm d'Äerd ass e Gasmantel, d'Atmosphär. D'Atmosphär geet ongeféier bis 500 km an d'Héicht.

Bis zur Äerdmëtt sinn et 6.371 km, an dat geschaten Äerdgewicht ass 5,96 Quadrimilliounen (5,9736•1024) kg. Den Ëmfang ass 40.075 km um Equator.

D'Haaptschichten[änneren | Quelltext änneren]

D'Äerdkuuscht[änneren | Quelltext änneren]

D'Äerdkuuscht ass relativ dënn a besteet zu 49,13 % aus Sauerstoff, zu 26,00 % aus Silicium, zu 7,45 % aus Aluminium, zu 4,20 % aus Eisen, zu 3,25 % aus Calcium, zu 2,40 % aus Natrium, zu 2,35 % aus Kalium, zu 2,35 % aus Magnesium, zu 1 % aus Waasserstoff an zu 1,87 % aus diversen aneren Elementer. Si ass ënner de Kontinenter bis zu 70 km an ënner den Ozeane bis zu 10 km déck an ass, vun der Mass an dem Volume am Verglach zu deenen aneren Äerddeeler, kleng. Et gëtt ënnerscheet tëscht der kontinentaler Kuuscht an der ozeanescher Kuuscht. D'Grenz tëscht der Äerdkuuscht an dem Äerdmantel gëtt Mohorovicic-Diskontinuitéit genannt.

Den Äerdmantel[änneren | Quelltext änneren]

E läit ënner der Äerdkuuscht, ass ongeféier 2.860 km déck, a besteet gréisstendeels aus Silicatmineralien déi ënner mächetegem Drock an enormen Temperature fléissen. Am ënneschten Äerdmantel bilde sech fest a kompakt Kristaller. Den ieweschten Äerdmantel ass deelweis geschmolt. Vun do kënnt dee meeschte Magma hier. D'Iwwergangsschicht gehéiert nach zum ënneschten Äerdmantel a mécht d'Grenz zum Äerdkär.

Den Äerdkär[änneren | Quelltext änneren]

Den Äerdkär ass dee bannenste Beräich vun der Äerd a besteet haaptsächlech aus Eisen. En ass agedeelt an e feste Bannekär an e flëssegen Aussekär. De Bannekär ass ongeféier 1.130 km breet a geet bis zum Äerdmëttelpunkt, dee 6.230 km déif läit. Den Aussekär ass 2.200 km breet a läit bis zu 2.900 km ënner der Äerduewerfläch. Dëse banneschste Beräich ass gliddeg. D'Hëtzt ass nach vum Entstoe vun der Äerd erhale bliwwen a gëtt duerch d'Kärreaktiounen déif am Planéit nach verstäerkt.

Land a Mier[änneren | Quelltext änneren]

D'Landmass vun der Äerd ass ongeféier 30 % vun der totaler Fläch, d'Mierer bedecken ongeféier 70 %.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Opbau vun der Äerd – Biller, Videoen oder Audiodateien