Panafrikanismus

Vu Wikipedia

Panafrikanismus ass eng weltwäit intellektuell Beweegung mam Zil d'Afrikaner an d'Leit mat afrikaneschen Originnen ze vereenen an d'Solidaritéit tëscht hinnen ze fërderen. Bannent der Beweegung gëtt et eng grouss Diversitéit; eng politesch Manifestatioun dovun ass de Wëllen all d'Staaten an d'Natiounen um afrikanesche Kontinent zu enger grousser afrikanescher Natioun ze vereenen, an där och d'Diaspora ka liewen.[1] Der Ideologie no ass d'Schicksal vun allen afrikanesche Bevëlkerungen a Länner verwuewen. De Kär vum Panafrikanismus ass d'Iddi, datt Afrikaner - souwuel um Kontinent wéi an der Diaspora - net nëmmen eng gemeinsam Geschicht mee och eng gemeinsam Bestëmmung deelen.

Den Ursprong vum Panafrikanismus geet op den transatlantesche Sklavenhandel zeréck an dowéinst geet en och iwwer Afrika eraus an et fënnt ee vill Unhänger an den USA an an der Karibik. D'Iddi huet sech no der Ofschafung vun der Sklaverei an den USA an der Mëtt vum 19. Joerhonnert entwéckelt, an de Begrëff selwer ass géint d'Enn vum selwechte Joerhonnert wärend der Preparatioun fir déi éischt Panafrikanesch Konferenz (1900) entstanen. Wichteg Virdenker waren ënner anerem den Edward Wilmot Blyden, den Alexander Crummell, de Bénito Sylvain, de W. E. B. Du Bois an de President vu Ghana Kwame Nkrumah. Zu de bekannte Verfechter vum Panafrikanismus am 21. Joerhonnert gehéiert de Kémi Séba.

D'Organisatioun vun der afrikanescher Unitéit, déi haiteg Afrikanesch Unioun (AU), ass 1963 gegrënnt gi fir d'Souveränitéit an d'territorial Integritéit vun all hire Memberstaaten ze garantéieren an déi global Bezéiungen am Kader vun de Vereenten Natiounen ze fërderen. D'Kommissioun vun der AU huet hire Sëtz zu Addis Abeba an Ethiopien an d'Panafrikanescht Parlament ass zu Johannesburg an zu Midrand a Südafrika.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. britannica.com: Pan-Africanism