Op den Inhalt sprangen

Paräisser Metro

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Paräisser Métro)
Eng Stroosseluucht mat Metroszeeche bei der Statioun Iéna

De Paräisser Metro ass d'ënnerierdescht Bunnennetz vun der Stad Paräis a vun enger Partie vun de Gemenge ronderëm. Zanter Juli 2024 huet de Metro vu Paräis 16 Linne mat 320 Statiounen. D'Gesamtlängt vum Metrosnetz sinn 245,6 km.

No der Adoptioun vun engem Schinnennetzprojet vum Fulgence Bienvenüe, Inspekter vun de Ponts et Chaussées an dem Edmond Huet, den 20. Abrëll 1896, gëtt de Chemin de fer métropolitain als Utilité publique duerch d'Gesetz vum 30. Mäerz 1898 deklaréiert. D'Arbechte sinn de 4. Oktober 1898 lassgaangen, am Kader vun enger Konventioun tëscht der Stad Paräis an der Compagnie du chemin de fer Métropolitain de Paris (CMP). Déi éischt Linn (Porte de Vincennes - Porte Maillot) ass den 19. Juli 1900 opgaangen, fir den Transport wärend den Olympesche Summerspiller an de Bois de Vincennes z'erméiglechen. D'Ädikuli goufe vum Art Nouveau-Architekt Hector Guimard geschaf.

Den Opbau vum Metro gouf zesumme vum Staat an der Stad Paräis decidéiert, virun allem well d'Transporter net effizient genuch an der franséischer Haaptstad viru sech gaange sinn. Ausserdeem gouf dobäi un d'Weltausstellung vum Joer 1900 geduecht. Den Originalprojet hat eng kreesfërmeg Linn Étoile-Nation-Étoile virgesinn, an zwou transversal Linnen, déi eng vum Norden an de Süden (Porte de Clignancourt-Porte d'Orléans), déi aner vum Osten an de Westen (Avenue Gambetta - Porte Maillot).

Eng zweet Konventioun gëtt den 31. Januar 1904 ënnerschriwwen, déi enger anerer Firma, der Société du chemin de fer électrique souterrain Nord-Sud de Paris (Nord-Sud), den Optrag vun enger Linn tëscht Montmartre (eigentlech Notre-Dame de Lorette) an der Porte de Versailles. D'Inauguratioun vun dëser Linn de 4. November 1910 war verspéit duerch d'Héichwaasser vun der Seine am Januar 1910.

Déi zwou Entreprisen CMP an Nord-Sud, déi bis 1929 koexistéiert hunn, bis si fusionéieren, hunn änlecht Material benotzt, mä "hir" Statioune ganz verschidden dekoréiert. Verschidde Statiounen haten de selwechten Numm op deenen zwou Linnen (zum Beispill gouf et zweemol d'Statioun Grenelle).

1913 hat de Paräisser Metro schonn 10 Linnen: 8 vun der CMP an zwou vun der Nord-Sud (déi aktuell Linn 12 an d'Linn nërdlech vun der Statioun Saint-Lazare). Vu 55 Milliounen am Joer 1901 ass d'Zuel vun de Reesenden 1913 op 476 Millioune pro Joer eropgaangen. De Resau huet wärend dem Éischte Weltkrich weider vergréissert. An der Tëschekrichszäit sinn d'Linnen 9, 10 an 11 opgaangen. 1929 schléisst sech d'Nord-Sud der CMP un.

Den 1. Januar 1942 fusionéiert d'CMP mat der Société des transports en commun de la région parisienne (STCRP); dëse Resau gouf 1949 vun der RATP iwwerholl, déi den 23. Mäerz 1948 gegrënnt gi war. De Paräisser Metro gëtt och haut nach vun der RATP bedriwwen, déi och de Funiculaire de Montmartre geréiert, d'Paräisser Buslinnen, de Paräisser Tram an d'Linnen A a B vum RER.

1967 koum d'7bis bäi, an 1971 d'Linn 3bis.

De 15. Oktober 1998 goung tëscht Madeleine an der Bibliothèque François Mitterrand dat éischt Deelstéck vun enger komplett neier Linn op, der Linn 14.

Mam Grand Paris Express, deen zanter 2015 am Bau ass, an dee véier nei Linnen an d'Verlängerung vun zwou existéierenende Linnen (11 a 14) virgesäit, soll, mat 200 neie Streckekilometer an 71 Statiuonen, d'Längt vum Métrosreseau bis 2030 verduebelt ginn. De Grand Paris Express soll virun allem ronderëm Paräis besser Verbindunge schafen. Bis dohi war de Metro bal ganz op d'Stad Paräis limitéiert, an et waren RER-Zich, déi se mat der Banlieue verbonnen hunn. Déi éischt Linn vum Grand Paris Express, d'Verlängerunge vun der Linn 14 no Norden a Süden, goung de 24. Juni 2024 a Betrib.

Plang vum Metro zu Paräis

[änneren | Quelltext änneren]
D'Metroslinnen (2024)

Lëscht vun de Linnen

[änneren | Quelltext änneren]
Linn Numm A Betrib
geholl
Längt
(km)
Statiounen
  1 La Défense — Grande Arche Château de Vincennes 1900 16,5 25
  2 Porte Dauphine Nation 1900 12 25
  3 Pont de Levallois — Bécon Gallieni 1904 12 25
  3bis Gambetta Porte des Lilas 1921 1,3 4
  4 Porte de Clignancourt Bagneux - Lucie Aubrac 1908 14 29
  5 Bobigny — Pablo Picasso Place d'Italie 1906 14,5 22
  6 Charles de Gaulle — Étoile Nation 1907 13,5 28
  7 La Courneuve — 8 Mai 1945 Villejuif — Louis Aragon
Mairie d'Ivry
1910 22,5 38
  7bis Louis Blanc Pré Saint-Gervais 1911 3 8
  8 Balard Pointe du Lac 1913 23 38
  9 Pont de Sèvres Mairie de Montreuil 1922 20 37
  10 Boulogne — Pont de Saint-Cloud Gare d'Austerlitz 1913 12 23
  11 Châtelet Rosny-Bois-Perrier 1935 12 19
  12 Mairie d'Aubervilliers Mairie d'Issy 1910 17 31
  13 Gabriel Péri — Asnières — Gennevilliers
Saint-Denis — Université
Châtillon — Montrouge 1911 21 30
  14 Saint-Denis - Pleyel Aéroport d'Orly 1998 28 20

Literatur zum Theema

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Paräisser Metro – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.