Parverband Housen-Houschent
Ausgesinn
De Parverband Housen-Houschent gouf de 6. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum ofgeschaaft.
En huet zu der Pastoralregioun Norden gehéiert a bestoung aus 9 Pare mat hire respektive Filialkierchen, an 2 Filiale vun enger anerer Par:
- Ënnereesbech
- Houschent
- Housen
- Konstem
- Méchela
- Mierschent
- Rouderssen
- Schlënnermanescht
- Wuelessen
- an d'Filialen
Dës 10 Paren an 2 Filiale verdeelen sech iwwer d'Gebitt vun den 3 Gemengen Housen, Buerschent a Pëtschent.
Ännerungen am Parverband
[änneren | Quelltext änneren]Bis zum August 2013 hunn och nach d'Pare Baastenduerf a Branebuerg zum Parverband Housen-Houschent gehéiert. Duerno huet se zum Parverband Veianen gehéiert.[1]