Passerelle des Arts

Vu Wikipedia
Passerelle des Arts
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg, Kierchbierg
Koordinaten 49° 37’ 04,7’’ N
      6° 08’ 20,8’’ E
Funktioun
Benotzt als Foussgängerbréck
Féiert iwwer en Dällchen
Technesch Detailer
Totallängt ca. 87 m
Héicht max. 12 m
Material Inox-Stol
Bemierkungen
Opgaangen 26. Abrëll 2024
Architekt(en)
Konzeptioun
Marc Mimram
Tatiana Fabeck

D'Passerelle des Arts ("OA 798") ass eng Bréck fir Foussgänger a Vëlosfuerer um Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg, déi direkt hannert der Rouder Bréck, d'Avenue John F. Kennedy mam Plateau vum Fort Thüngen verbënnt.

Si ass 87 Meter laang a maximal 12 Meter héich a féiert iwwer an duerch de Bësch, fir d'Avenue mam Plateau vum Park Dräi Eechelen ze verbannen, wou, am Fort Thüngen, de Mudam an de Musée Dräi Eechelen sinn.

Se huet eng laanggezunnen S-Form an ass ganz aus Inox-Stol, dee bausse blénkeg a banne matt poléiert ass. 3 Stäiler droen d'Bréck.[1]

D'Bréck, déi eng 7 Milliounen Euro kascht huet, gouf vum Fonds Kirchberg an de Ponts et Chaussées baue gelooss, no Pläng vun den Architekten an Ingenieure Marc Mimram, Tatiana Fabeck a Greisch. Se gouf de 26. Abrëll 2024 ageweit.[2],[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Amélie Schroeder: "Vom Prototyp zur Brücke: Neue Passerelle war eine Herausforderung." wort.lu [w+], 2023-12-07.
  2. Fränz Aulner: "D'Passerelle des Arts ass e Freideg um Kierchbierg opgaangen." rtl.lu, 2024-04-26.
  3. David Thinnes: "Kirchberg hat nun auch seine Passerelle des arts." wort.lu, 2024-04-26.