Patrick Moore

Vu Wikipedia
Patrick Moore
Pseudonym R. T. Fishall
Gebuer 4. Mäerz 1923
Gestuerwen 9. Dezember 2012
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Televisiounsmoderateur, Astronom, Autobiograph, Schrëftsteller, Filmediteur, Romancier, Science-Fiction-Schrëftsteller, Komponist, Pilot
Member vun Royal Society, Royal Astronomical Society

De Patrick Moore, gebuer de 4. Mäerz 1923 zu Pinner/Middlesex a gestuerwen den 9. Dezember 2012, war en engleschen Astronom, Auteur vu ville populärwëssenschaftleche Bicher an Tëleesmoderateur.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter, datt de Patrick Moore sechs Joer al war, hat hien zu Sussex, England gewunnt. Tëscht sengem siwenten an zwielefte Liewensjoer war de Patrick dacks krank, soudatt hien net an d'Schoul goe konnt a meeschtens doheem huet musse léieren. An där Zäit hat hie vu senger Mamm eng Editioun vun The Story of the Solar System kritt, déi seng liewenslaang Begeeschterung fir d'Astronomie erwächt huet.

Wärend dem Zweete Weltkrich war hien Navigator beim Bommekommando vun der Royal Air Force. Fir iwwerhaapt an d'Royal Air Force opgeholl ze ginn hat hie seng Gesondheetsënnerlage gefälscht an e falschen Alter uginn (de Moore war bei senger Umeldung eréischt 17 Joer al).

Géint Enn vum Krich huet hie mat selwergebaute Spigelteleskopen ugefaangen den Äerdmound ze observéieren. Seng genee Observatiounen, Opzeechnungen a Kaarten hunn hien zu engem Expert op dësem Gebitt gemaach.

1959 huet d'Sowjetunioun seng Kaarte gebraucht, fir si mat den éischte Fotoe vun der Luna 3-Missioun ze vergläichen. Hie war och bei de Virbereedunge vun den Apollomissioune bedeelegt, fir eng passabel Landeplaz ze fannen.

Vun 1965 bis 1968 war hien Direkter vum Armagh Planetarium.

De Patrick Moore huet méi wéi 70 Bicher iwwer d'Astronomie geschriwwen. Zanter Abrëll 1957 hat hien eemol am Mount déi beléifte Sendung The Sky at Night bei der BBC presentéiert. Hie krut dofir eng Notiz am Guinness-Book of Records als déngschteelsten Tëleemoderateur.

Seng Bicher an Tëleeserien hunn d'Astronomie an Groussbritannien populär gemaach a Generatioune vun Astronome beaflosst.

Donieft huet hien och e puer Science-Fiction-Erzielunge geschriwwen. Déi éischt dovu gouf am Joer 1977 am Magazin Scott Saunders Space Adventure publizéiert.

Nieft senger Léift fir d'Astronomie war de Patrick Moore e Museker. Hien huet Xylophon a Piano gespillt.

Am Joer 2001 gouf hie vun der englescher Kinnigin zum Ritter geschloen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • The Amateur Astronomer (1970)
  • The Atlas of the Universe
  • Guinness book of Astronomy
  • Atlas of the Universe
  • Atlas of Venus
  • Patrick Moore's Yearbook of Astronomy (1963-81)
  • Atlas of the Solar System (1983)
  • Atlas of Neptune (1994)
  • The Story of the Telescope (1997)
  • Stargazing: Astronomy without a Telescope
  • Exploring the Night Sky with Binoculars
  • The Wondering Astronomer (2000)
  • The Astronomy Encyclopedia (2002)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Patrick Moore – Biller, Videoen oder Audiodateien