Peter van de Kamp

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Peter van de Kamp, gebuer de 26. Dezember 1901 als Piet van de Kamp a gestuerwen den 18. Mee 1995, war en hollännesch-amerikaneschen Astronom. Hie gouf bekannt duerch seng Recherchen iwwer de Feilstär vum Barnard.

De Van de Kamp huet vun 1923 un an den USA gelieft. Am Ufank huet hien um Leander McCormick Observatory geschafft, spéider dann um Lick Observatory. 1925 gouf hie promovéiert an ass zréck an de McCormick Observatoire gaangen.

1937 gouf hie Direkter vum Sproul Observatoire, Swarthmore College. Do huet den Astrometrie-Spezialist ugefaangen d'Bewegunge vum Barnard-Stär ze observéieren. An den 1960er Joren huet hie vu periodesche Schwankungen ("wobbles") an der Eegebewegung vum Stär geschriwwen, déi hien op een oder zwéi planetär Begleeder mat Massen ähnlech wéi d'Planéite Jupiter a Saturn zréckgefouert huet. Spéider huet sech erausgestallt, datt d'Ursaach vun de Schwankunge bei engem systematesche Instrumentefeeler louch.

Auszeechnunge[änneren | Quelltext änneren]

Den Asteroid Van de Kamp gouf éierenhalwer no him genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schilling, G.. "Peter van de Kamp and His "Lovely Barnard's Star.". Astronomy 13: 26 - 28.
  • Van de Kamp, Peter. (1969). "Alternate dynamical analysis of Barnard's star.". Astronomical Journal 74 (8): 757.
  • Van de Kamp, Peter. (1982). "The planetary system of Barnard's star". Vistas in Astronomy 26 (2): 141. DOI:10.1016/0083-6656(82)90004-6.

Saturn 01.svg Portal Astronomie