Pierre Cao

Vu Wikipedia
Pierre Cao
Gebuer 22. Dezember 1937
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Conservatoire royal vu Bréissel
Aktivitéit Komponist, Dirigent

De Pierre Cao, gebuer den 22. Dezember 1937 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Museker, Dirigent a Komponist, dee virun allem vun der mënschlecher Stëmm faszinéiert ass. En huet um Conservatoire royal vu Bréissel Kompositioun an Direktioun studéiert.

Als exzellente Pedagog huet de Pierre Cao sech säi ganzt Liewe fir d'Ausbildung vun Dirigenten agesat. Bis 1998 huet hien am Stater Conservatoire Direktioun enseignéiert an huet doriwwer eraus vill Meeschtercourse fir Fortgeschrëttener ginn. En huet verschidde Vokalensembelen zu Lëtzebuerg an Emgéigend geleet an ass Matgrënner vum INECC (Institut Européen du Chant Choral).

Mat en ettleche Plackenopnamen an der Leedung vu ville Chéier, Ensembelen an Orchesteren huet e sech en internationale Ruff verschaaft.

Vun 1999 bis 2014 war de Pierre Cao kënschtleresche Leeder vum Chouer Arsys Bourgogne.

An den 1950er Jore war de Cao och als Handballspiller aktiv. 1954 war hie fir d'éischt am Kader vun der lëtzebuergescher Härenhandballnationalekipp. Hien huet zéngmol an der Nationalekipp gespillt[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archiv-Kopie Archivéiert op 2017-06-29. Gekuckt de(n) 2017-06-29.