Pierre-Ernest Dams

Vu Wikipedia
Pierre-Ernest Dams
Gebuer 14. September 1794
Réimech
Gestuerwen 20. Dezember 1855
Jarville-la-Malgrange
Nationalitéit Belsch, Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Jurist, Riichter

De Pierre-Ernest Dams gebuer zu Réimech de 14. September 1794, a gestuerwen 1855 zu La Malgrange war e lëtzebuergesche Politiker a Riichter.

No sengem Droitsstudium dat hien 1817 ofgeschloss hat, gouf den Dams 1824 Friddensriichter am Kanton Gréiwemaacher, a koum 1830 op Réimech wou hien déi Funktioun bis 1839 hat.

Vun 1830 bis 1831 war hie Member vum belschen Nationalkongress fir den Distrikt Gréiwemaacher, an duerno vun 1831 bis 1837 Member vun der Representantekummer.

Zu Lëtzebuerg war hie vun 1842 bis 1845 Member vun der Assemblée des états, 1848 Member vun der Assemblée constituante a vun 1848 bis 1853 Deputéierten an der Chamber.[1]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 512-513
  2. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 1er janvier 1842, L' A, portant nomination de membres de l'Ordre royal grand-ducal de la Couronne de Chêne publizéiert am Memioral N°4 vun 1842