Pierre Droessaert

Vu Wikipedia
Pierre Droessaert
Gebuertsnumm Peter Léon Franz Droessaert
Gebuer 30. Dezember 1923
Lëtzebuerg
Gestuerwen 31. Dezember 1997
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg


De Pierre Droessart, gebuer den 30. Dezember 1923 an der Stad Lëtzebuerg, ass Moler, deen och am Modelage schafft.

Liewen

No senger Primärschoul zu Bouneweg ass hien an de Kolléisch gaangen, duerno an de Stater Jongelycée, huet awer säin Ofschloss am Kolléisch gemaach.

1943 gouf hien zwangsrekrutéiert, konnt sech awer 1944 erëm op Lëtzebuerg duerchschloen.

Am Abrëll 1945 hie sech an zu Paräis an der "École nationale supérieure des beaux-arts" ageschriwwen a parallel dozou a Coursen am "Institut d'art et d'archéologie" gaangen. 1948 goung hien op Lëtzebuerg zeréck an huet säi Stage pédagogique am Lycée de jeunes filles an am Lycée de garçons gemaach. 1953 huet hie sech mat der Musekerin Marianne Bintner bestuet. Si hunn 3 Kanner.

Bis zu senger Pensioun 1986 huet de Pierre Droessart als Zeecheprofesser am Escher Jongelycée an am Stater Kolléisch geschafft.

Wierker

De Pierre Droessart ass bekannt fir seng Portraiten, seng Landschaften a seng "Natures mortes".

Den Entworf fir den Aadler um Patton-Monument zu Ettelbréck ass vum Pierre Droessart[1].

Gielercher

Quell

Referenzen

  1. Informatiounspanneau um Patton-Square zu Ettelbréck
  2. Ordensverleihungen für das Professoren- und Lehrkorps am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1979 op der Säit 6 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 2. November 2022