Op den Inhalt sprangen

Pierre Krack

Vu Wikipedia
Pierre Krack
Gebuer 27. Juni 1889
Bierg
Gestuerwen 2. Oktober 1970
Bieles
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Pierre Krack, gebuer de 27. Juni 1889 um Brosiushaff (Colmer-Bierg)[1] a gestuerwen den 2. Oktober 1970 zu Bieles[2], war e lëtzebuergesche Mëller.

Lindenmillen - Krackmillen

[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Krack huet am Februar 1921[3] d'Lindenmillen[4] vu Waarken mat 7 ha Land gesteet. Hien huet d'Ariichtung vun der Millen ausgebaut an e eifrege Millebetrib a Mielhandel bedriwwen. Hien huet en Dynamo installéiert a säin Elektresch selwer produzéiert. 1936 huet hien aus ekonomesche Grënn mat der Mielproduktioun opgehalen, huet awer nach bis ëm 1940 mat Miel gehandelt. An der Millen, déi antëscht "Krackmillen" genannt gouf, huet hie bis ëm 1945 nach Véifudder fir sech a seng Cliente geschrot.[5]

1933 riicht de Pierre Krack e mobillen Damm um Millewier an, deen him et erlabe soll mam Waasser vun der Waark zwee Schwammbassenge mat Waasser z'alimentéieren.[6] De 6. Mee 1934 huet hien d'Schwemm mat Chalet an Tennis, déi hien "Helios-Bad" gedeeft hat, opgemat.[7] Seng Fra, d'Marguerite Schreiner, huet do Quetschentaarten, Hameschmieren a Gedrénks verkaaft. D'Schwëmm ass 1958 zougemat ginn.[8] De Pierre Krack a seng Fra haten sech am Abrëll 1921 zu Géisdref bestuet. D'Fra war den 8. September 1897 zu Nacher op d'Welt komm an ass den 21. Juli 1947 zu Waarken gestuerwen.[9]

Zu Ettelbréck gëtt et eng Strooss, déi dem Pierre Krack säin Numm dréit: rue Pierre Krack.[10]

  • Erpelding, E., 1981. Die Mühlen des Luxemburger Landes. Luxembourg, Impr. St-Paul, 800 S.
  • Beckerich, N., 2006. Helios – Das Schwimm-, Licht- und Luftbad. De Reider, Informatiounsblat vun der Gemeng Ettelbréck, Nr. 37, Abrëll 2006, S. 28-30. PDF
  • Flies, J., 1970. Ettelbrück. Die Geschichte einer Landschaft. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 2274 p.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Généalogie de Pierre KRACK. Geneanet. Gekuckt den 21.11.2024.
  2. Avis de décès 17 Page 12. In: Luxemburger Wort, 123. Jg., n° 275/76 (03.10.1970), p. 12 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. Flies 1970, S. 1812.
  4. "Lindenmühle", no engem fréiere Proprietär genannt, dee "Linden" geheescht huet.
  5. Erpelding 1981, S. 355-356 (Lohmühle, Niederwarken).
  6. Flies 1970, S. 1835.
  7. Helios-Bad. Obermosel-Zeitung, 54. Jg., nº 104 (04.05.1934), S. 2 (Annonce). Digitised by the National Library of Luxembourg.
  8. Beckerich 2006.
  9. Luxroots (Schreiner Margaretha).
  10. Ettelbruck : Rue Pierre Krack L-9055. map.geoportail.lu. Gekuckt den 21.11.2024.