Pioneer-Plack

Vu Wikipedia
D'Pioneer-Plackett

D' Pioneer-Placke sinn zwou véiereckeg, 228,6 mm × 152,4 mm grouss Placken aus Aluminium, mat uewendrop enger Couche Gold, déi op den interstellare Raumsonde Pioneer 10 a Pioneer 11 festgemaach sinn. Si goufen 1972 fabrizéiert am Hoffes, datt eventuell ausserierdesch intelligent Liewensformen domat en Hiwäis op d'Existenz vun der Mënschheet, an op d'Äerd, vu wou d'Sond hier ass, kéinte kréien. D'Pioneer-Sonden, déi 1972, resp. 1973 fortgeschoss goufen, waren déi éischt Objeten déi vum Mënsch gebaut goufen, fir eise Sonnesystem kënnen ze verloossen.

Op der Plack ass e Mann an eng Fra ze gesinn, woubäi de Mann d'Hand hieft, fir ze gréissen. Si sti virun der Silhouette vun der Pioneer-Sond. Lénks niewendrun ass d'Positioun vun der Sonn a Relatioun zu 14 Pulsaren an zum Zentrum vun der Mëllechstrooss kodéiert. Ënnen ass e Schema vun eisem Sonnesystem, mat der Trajectoire vun der Sond. Lénks uewen ass d'Schema vum Hyperfeinstrukturiwwergank vum Waasserstoffatom.

D'Plack gouf vum Carl Sagan konzipéiert a seng Fra d'Linda Salzman Sagan huet d'Zeechnunge gemaach.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pioneer plaque – Biller, Videoen oder Audiodateien