Planéitesystem
E Planéitesystem ass eng Usammlung vu masseräiche Kierper, déi sech – duerch d'Gravitatiounskraaft gebonnen – ëm op d'mannst een Zentralstär beweegen. Déi gréisst vun dëse Kierper ginn och als Planéite bezeechent (soulaang an hirem Kär keng Kärfusiounsprozesser oflafen).
Detailer
[änneren | Quelltext änneren]Dat bekanntst Planéitesystem ass dat vun der Sonn, eist Sonnesystem, dat bis zu der Entdeckung vum éischten extrasolare Planéit am Joer 1992 dat eenzegt bekannt Virkomme vu planetare Kierper war.
Am Ëmkrees vun 100 Parsec goufen, bis Ufank 2006 ëm 7 Prozent vun de Stären, Planéiten entdeckt. Dovu bis elo 14 Planéitesystemer mat zwéin, fënnef Systemer mat dräi an zwee Systemer mat véier bekannte Planéiten, an eent mat siwen (Stand 2009).
Bekannt Planéitesystemer
[änneren | Quelltext änneren]Zu de bedeitendste Planéitesystemer déi eis haut bekannt sinn, zielen ë. a., nieft dem Sonnesystem:
- 47 Ursae Majoris
- Copernicus (55 Cancri)
- Gliese 876
- HD 37124
- HD 69830
- My Arae
- PSR B1257+12
- Upsilon Andromedae
- de Stär HD 10180 mat siwe Planéiten
- de Stär HIP 11915 mam Planéit HIP 11915 b am Stärebild Cetus
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Planetensysteme. Die Suche nach der zweiten Erde. Sterne und Weltraum, Dossier 1/2004. ISBN 3-936278-77-6
- Philip J. Armitage: Lecture notes on the formation and early evolution of planetary systems (Einführung in die Theorie der Entstehung und frühen Entwicklung von Planetensystemen)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (de) planetenkunde.de: Wie entstehen Planetensysteme?
- (de) ruhr-uni-bochum.de: Planetensysteme. (PDF)
- (en) Bekannt Planéitesystemer
Commons: Planetary systems – Biller, Videoen oder Audiodateien |