Gliese 876

Vu Wikipedia
Fantasiezeechnung vum Gliese876B

De Gliese 876 ass e Stär am Stärebild Aquarius an ass 15 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.

Obschonn de Gliese 876 e rouden Zwerg ass, an nëmmen hallef sou grouss ass wéi eis Sonn, gëtt hie vun op d'mannst dräi Exoplanéiten ëmkreest. Zwéin dovu si jupiterähnlech Gasrisen. Dat éischt Planemo gouf am Joer 1998 vum Geoffrey Marcy a senge Kolleegen entdeckt, dat zweet am Januar vum Joer 2001. Déi zwéi Planéiten hunn 0,6 an 1,8 Jupitermassen an hir Ëmlafperioden daueren 30,1 an 60,7 Deeg (2:1 Resonanz). Den drëtte Begleeder dee ganz banne kreest gouf am Juni 2005 entdeckt a war bis zu der Entdeckung vum Gliese 581 c am Abrëll 2007 de klengste bekannte Planéit baussenzeg vun eisem Sonnesystem. Seng Ëmlafperiod huet knapps zwéin Deeg a seng Temperatur gëtt op 200-400 °C geschat. Säi Bunnradius läit bei ronn 3 Millioune Kilometer, wat knapps een Zwanzegstel vum Bunneradius vum Merkur ass.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gliese 876 – Biller, Videoen oder Audiodateien