Pompelspäicherwierk vu Montézic
Ausgesinn
| ||||
---|---|---|---|---|
Informatiounen | ||||
Land | Frankräich | |||
Gemengen | Montézic Saint-Hippolyte Campouriez Saint-Symphorien-de-Thénières | |||
Geographesch Lag ieweschte Baseng |
44° 43’ 34.82’’ N 02° 39’ 26.73’’ O | |||
Héicht (NGF) | 703,00 m. | |||
Geographesch Lag ënneschte Baseng |
44° 41’ 46.13’’ N 02° 35’ 08.37’’ O | |||
Héicht (NGF) | 295,5 m. | |||
Alafdebit | 273 m³/s 2 Drockleitungen | |||
Niveausënnerscheed | 423 m | |||
Volume vum Séi | 32,5 hm3 | |||
Turbinnen | 4 Turbinne-Pompelen | |||
Leeschtung | 910 MW | |||
Baujoer | 1976-1981 | |||
A Betrib | zanter 1981 |
D'Pompelspäicherwierk vu Montézic ass e Waasserkraaftwierk um Territoire vun de Gemenge Montézic, Saint-Hippolyte, Campouriez a Saint-Symphorien-de-Thénières am Norde vum Aveyron. Mat enger Nennleeschtung vun 910 Megawatt ass et dat zweetgréisst a Frankräich. Et ass grad wéi déi dat vu Veianen an dat vu Coo e rengt Pompelspäicherwierk, d. h. datt an den ieweschte Baseng kee Waasser vun uewen derbäikënnt dat bei der Stroumproduktioun géif an d'Gewiicht falen.
De Komplex besteet aus dräi Haaptdeeler:
- Den ieweschte Baseng mam Séi vu Montézic mat engem Waasservolume vun 32,5 Millioune Meter Kipp hanner dem Barrage de Monnès an der Digue de l'Étang a mat dem Virbarrage vu Saint-Gervais mat dem Séi vu Saint-Gervais a mat der Digue vu Liaussac mat dem Oflaf an d'elektresch Zentral.
- Hielekraaftwierk, 400 Meter ënner dem Buedem, mat 4 Turbinne-Pompelgruppen. D'Turbinnegruppe stinn 20 Meter ënner dem Mindestniveau vum Barrage vu Couesques, sou datt se ëmmer ënner Waasser stinn, fir Loftblosen ze vermeiden.
- Den ënneschte Baseng zu Couesques um Laf vun der Truyère deem säi Waasser do mam Barrage vu Couesques gestaut gëtt, deen doriwwer eraus als Lafkraaftwierk funktionéiert.