Pont-de-Poitte
| |||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Lons-le-Saunier | ||||
| Kanton | Clairvaux-les-Lacs | ||||
| Postcode | 39130 | ||||
| Gemengecode | 39435 | ||||
| Koordinaten | 46° 35’ 04’’ N 05° 41’ 45’’ O | ||||
| Fläch | 702 ha | ||||
| Bevëlkerung | 582 (1999) | ||||

Pont-de-Poitte ass eng franséisch Gemeng am Departement Jura an der Regioun Bourgogne-Franche-Comté.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Pont-de-Poitte läit op enger Héicht vu 440 m am Dall vum Ain, a just am Alaf vum Floss an de Séi vu Vouglans, deen och zu engem groussen Deel um Territoire vun de Gemeng läit.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Uertschaft Pont-de-Poitte gouf et schonn an der Réimerzäit laanscht a Kiem deen op Genf goung, an aus deem spéider Nationalstrooss 78 gouf, och nach Route Impériale genannt.
Am 13. Joerhonnert gouf et do e Priorat, dat vu Gigny ofhängeg war.
Am 18. an 19. Joerhonnert gouf et do grouss Schmëtten, a bis virum Bau vun der Talspär vu Vouglans, eng grouss Saumonsziichterei.
Am Joer 1815 hunn d'Uertschafte Pont-de-Poitte, Blaisnay a Poitte sech an der Gemeng Pont-de-Poitte zesummegeschloss.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- D'gotesch Kierch vu Poitte
- Saut de la Saisse mat den Iwwerreschter vun der Fëschziichterei an de Marmites de l'Ain.
- De Pont de la Pyle iwwer de Séi vu Vouglans
- D'Schlässer zu Blaisnay