Op den Inhalt sprangen

Protoplanéit

Vu Wikipedia
En iwwerliewende Protoplanéit, Vesta.

E Protoplanéit griich.: prõtos „éischten“ ass no der verbreetster Theorie d'Bezeechnung fir de Virleefer vun engem Planéit. Den Entwécklungsstadium steet an der „Planéitegeschicht“ tëscht de Planéitesimalen an de fäerdege Planéiten.

Wéi sech d'Haaptmass vum Sonnenniwwel zu enger Protosonn verdicht hat, hunn d'Gas- a Stëbsdeelercher déi am Ëmkrees Rescht waren eng zirkumsolar Akkretiounsscheif gebilt. An där protoplanetarer Scheif hate sech d'Stëbsdeelercher duerch Akkretioun resp. Verkliewe wéinst der Adhesiounskraaft zu bis kilometergrousse Planéitesimale geballt. Déi hu sech duerch hir Gravitatioun zu grousse Matièreverdichtunge vereent, de Protoplanéiten, déi ongeféier d'Gréisst vum Äerdmound kruten. Si ware schonn zimmlech masseräich, fir duerch en hydrostatescht Gläichgewiicht eng Aart Kugel ze formen an duerch Differentiatioun vun hirem Kär e Schuelenopbau auszebilden. Dat weidert Wuesse bis zu engem ausgewuessene Planéit ass eleng duerch d'Gravitatioun net méiglech, mä entsteet duerch Kollisioune op Ëmlafbunnen déi sech kräizen, déi awer och zu enger Zerstéierung féiere kënnen.

Eng Kollisioun vun der weiderentwéckelter Protoäerd mat engem Kierper vun der Marsgréisst soll zu der Mass vun der Äerd an zugläich zum Entstoe vum Äerdmound gefouert hunn, kuckt Theia (Planéit).

Protoplanéite kommen scho souwuel a der Kant- wéi och an der Laplace-Theorie vir. D'Kant-Laplace Theorie ass déi éischt Hypothees iwwer d'Genesis vum Sonnesystem.

Portal Astronomie