Op den Inhalt sprangen

Provënz Cuanza Norte

Vu Wikipedia
D'Provënz Cuanza Norte (rout) an Angola

D'Provënz Cuanza Norte, och nach Kwanza Norte geschriwwen, ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Nordweste vum Land a grenzt am Norden un d'Provënz Uíge, am Osten un d'Provënz Malanje, am Süden un d'Provënz Cuanza Sul an am Westen un d'Provënz Bengo.

Si huet eng Fläch vu 24.110 km².[1]

Der Vollekszielung 2014 no hat si 427.971 Awunner, wat 1,8% vun der Gesamtbevëlkerung vun Angola waren.[2]

D'Haaptstad vun der Provënz ass N'dalatando.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Portal Oficial do Governo da República de Angola (offiziell Säit vun der angolanescher Regierung): O Perfil de Angola (gekuckt de 26. Oktober 2017)
  2. Resultados Preliminares do Recenseamento Geral da População e da Habitação de Angola 2014, September 2014, Säit 27: "População Por Província e Sexo", erofzelueden hei