Provënz Luanda
Ausgesinn
Bucht vu Luanda | |
Land | Angola |
---|---|
Haaptstad | Luanda |
ISO 3166-2 | AO-LUA |
Demographie | |
Awunner | 6.542.944 |
Sprooch(en) | Portugisesch |
Geographie | |
Fläch | 18.826,0 km² |
Landkreesser |
Belas, Cacuaco, Cazenga, Ícolo e Bengo, Luanda, Quiçama, Viana |
D'Provënz Luanda (rout) am Angola |
Luanda ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si ass net mat der Stad Luanda ze verwiesselen, déi d'Haaptstad vun der Provënz Luanda a vun der Republik Angola ass. D'Provënz Luanda läit am Nordweste. Si grenzt am Westen un den Atlanteschen Ozean an um Kontinent un d'Provënz Bengo.
D'Vollekszielung vun 2014 ass op eng Awunnerzuel vu 6.542.944 Persoune komm, wat 26,9 % vun der Gesamtbevëlkerung vun Angola entsprécht[1].
Mat enger Fläch vun 2.417 km² ass si e bësse méi kleng wéi d'Groussherzogtum Lëtzebuerg an déi klengst vun den angolanesche Provënzen. Well d'Haaptstad mam selwechten Numm och an där Provënz läit ass si gläichzäiteg och déi Provënz mat de meeschten Awunner.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Provënz Luanda – Biller, Videoen oder Audiodateien |