Prümzurlay

Vu Wikipedia
Prümzurlay
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees Béibreg-Prüm
Verbandsgemeng Südeifel
Awunner 580
 (31. Dezember 2022)
Fläch 383 ha
Héicht 181 m
Koordinaten 49° 52’ 00’’ N
      06° 26’ 00’’ O
Telefonszon 06523
Postcode 54668
Websäit http://www.pruemzurlay.de


D'Prümer Buerg (Ruin).

Prümzurlay, ass eng Uertsgemeng an der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm, am däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz.

Se läit am enke Dall vun der Prüm, um Fouss vum Ferschweiler Plateau am Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark. D'Prümer Buerg läit 40 m iwwer dem Dall um Bord vun engem Sandsteeplateau.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Uertschaft gouf 798/802 n. Chr. eng éischt Kéier an engem Schenkungsdokument vum Klouschter Iechternach als „Prumia“ ernimmt. Et gëtt ugeholl, datt awer scho vill éischter Leit do gewunnt hunn, wéi Reschter vun enger réimescher Villa an der Géigend, wéi och vun Oppida aus der Zäit vun de Kelten, den Treverer, oder nach vu virdrun am Uertsdeel Prümerburg.

Nieft dem Klouschter Iechternach ass d'Geschicht vun der Uertschaft Prümzurlay och enk mat der Prümer Buerg verbonnen. Aus der Zäit vum fréie Mëttelalter ass ganz wéineg bekannt. Eréischt 1658 geet nees vu „Prum zur Layen“ rieds: Nom Drëssegjärege Krich huet just nach eng männlech Persoun am Duerf gewunnt.

1810 ass flossop am Münsterwald den Hank gerutscht, an et gouf gefaart, datt d'Waasser sech kéint stauen an dann, bei engem Duerchbroch, d'Duerf ewechrappen.[1]

Bei der Ruin vun der Prümer Buerg gouf 1960 d'Vakanzekolonie „Feriendorf Prümerburg“ mat am Ganzen 148 Chalete gebaut. Et war dat déi éischt Vakanzekolonie vun där Zort an Däitschland.[2]

Den Numm „Prümzurlay“ kënnt vum Floss Prüm a vum Wuert "Lay" (Lee), d'Lias-Sandsteefielse ronderëm. Schreifweise vum Numm uechtert d'Geschicht waren ë. a. „Proeme zur Leyen“ a "Prume sur Leyen“

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Prümzurlay – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Chronik eines Eifeldorfes">Chronik eines Eifeldorfes – 1200 Jahre Prümzurlay, Schul- und Ortschronik von Prümzurlay, Aufzeichnungen der Schulchronik um 1870, Prümzurlay 1998.
  2. Trierischer Volksfreund">Trierischer Volksfreund, 3. Juni 1960