Péckvillchen
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der touner Päif. Fir d'satiresch Zäitschrëft, kuckt wgl. De Peck-Villchen. |
E Péckvillchen ass eng aus Toun gebake Päif a Form vun engem Villchen, dee bannendran huel ass, e Mondstéck (um Schwanz) an uewen oder vir um Kierper e Lach huet, soudatt een, wann een dra bléist, en Toun an zwou verschiddenen Héichte produzéiere kann.
D'Péckvillercher ginn zu Lëtzebuerg traditionell op der Eemaischen (engem Maart), op Ouschterméindeg, zu Nouspelt an um Stater Fëschmaart verkaaft. Well se all Joer anescht ausgesinn, si se beléifte Sammlerobjeten.
Ganz besonnesch gesicht si Péckvillercher aus rout-brongem Toun, deen zu Nouspelt gestach an do gebak gouf.
Op der Stater Eemaischen, déi laang virun där vun Nouspelt bestanen huet, sinn an den leschte Joren ëmmer méi Artisten, déi hir méi ausgefalen oder usprochsvoll Péckvillercher ubidden. Et gëtt der souguer aus Parzeläin. Do si Verkeefer déi hir Péckvillercher a Fabrécken a grousse Masse produzéiere loossen, ettlecher dovu sinn emol guer net aus Keramik, mä aus Gips. Verschiddener sinn och keng Villercher mä aner Déieren oder Saachen oder abstrakt Formen, déi éischter als Museksinstrument dénge kënnen, well se ofgestëmmt bis zu 2 Oktave spille kënnen.
-
Eng méi klassesch…
-
an eng méi modern Variant vum Péckvillchen.
-
Vum Toun bis zum Péckvillchen. Eemaischen 2010 zu Nouspelt
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- De Peck-Villchen (eng satiresch Zäitschrëft)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Péckvillercher – Biller, Videoen oder Audiodateien |