Quartier Lointain
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Belsch Frankräich Lëtzebuerg Däitschland |
Produktiounsjoer | 2010 |
Première | 2010 |
Dauer | 100 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Sam Garbarski |
Dréibuch |
Jérôme Tonerre Philippe Blasband, no enger BD vum Jirô Taniguchi |
Fotografie | Jeanne Lapoirie |
Musek | AIR |
Schnëtt | Ludo Troch |
Produzent |
Entre Chien et Loup Archipel 35 Samsa Film Pallas Film Ateliers de Baere RTBF |
Schauspiller | |
Pascal Greggory als Thomas Jonathan Zaccaï als Bruno Alexandra Maria Lara als Françoise Leo Legrand als jonken Thomas | |
Quartier Lointain ass eng belsch-franséisch-lëtzebuergesch-däitsch Koproduktioun, e Film vum belsche Regisseur Sam Garbarski, no der Manga Quartier Lointain vum Jirô Taniguchi.
Gedréint gouf en an der Géigend vun Nantua an zu Lëtzebuerg.
E koum den 20. Mee 2010 an Däitschland, an de 24. November 2010 zu Lëtzebuerg, a Frankräich an an der Belsch eraus.
Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]
Den Thomas, eng 50 Joer al, hëlt iertimlech dee falschen Zuch a kënnt a säin Heemechtsduerf, wou en opgewuess ass. Hie profitéiert dovun, op d'Graf vu senger Mamm ze goen, wou et ëm schlecht gëtt. Wéi en nees zou sech kënnt, mierkt en, datt en hie selwer am Alter vu 14 Joer ass. Et schéngt es, wéi wann en an der Zäit hannescht gereest wier. Kann en d'Vergaangenheet änneren, a Saache besser maache wéi deemools?...
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- Fiche op samsa.lu (fr)