Réimesch Villa zu Rippweiler

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Iwwerreschter vun der Villa (2014).

D'Réimesch Villa vu Rippweiler ass eng Portikusvilla aus der Réimerzäit déi zu Rippweiler am Bësch genannt an der Laach bei der Vëlospist PC12 steet. Zanter dem 11. September 2002 steet d'Plaz mat den Iwwerreschter am Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.[1]

D'Reschter vun de Mauere goufen 1971 entdeckt a goufen hirer Zäit vum Michel Hommel erfuerscht. Et goufen dunn eng Rei vu Jore keng Ausgruewunge méi op der Plaz gemaach ier 2002 de Veräin Pro Archaeologia Luxembourg - Cercle archéologique Mich Hommel Rippweiler gegrënnt gouf[2]. Nodeems dunn eng Rei Joren an de Summerméint op der Plaz geschafft gouf, gëtt et haut, 2020, keng weider nei Ausgruewungen. D'Iwwerreschter selwer si mat Plastiksbaatschen zougeluecht.

D'Villa bestoung aus engem Haaptgebai a puer Niewegebaier. Ier d'Villa aus Steng op där Plaz stoung gouf et eng Konstruktioun aus Holz déi spéitstens géint d'Enn vum 2. Joerhonnert no Christus gebaut gouf.

An der Spéitantiquitéit gouf en Deel vum Areal als Kierfecht benotzt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Réimesch Villa zu Rippweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Doheem zu Uselding a Rounderem, 2003 : Michel Polfer, Die römische Villa Rustica von Rippweiler-Laach