Rüsseldéieren
Ausgesinn
| Rüsseldéieren | |||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Afrikaneschen Elefant | |||||||||||
| Systematik | |||||||||||
| |||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||
| Proboscidea „Illiger“ 1811 | |||||||||||
| Familljen | |||||||||||
D'Rüsseldéieren (Proboscidea) sinn eng Uerdnung aus der Klass vun de Mamendéieren (Mamalia).
Aus där Uerdnung gëtt et haut 150 Aarten déi ausgestuerwe sinn. Déi éischt Rüsseldéieren haten nach e klenge Kierper, kuerz Rüsselen a Stousszänn. Déi sinn awer déi dräi Kennzeechen déi den Elefant haut ausmaachen. Dee eelst bekannt Gattung vun de Rüsseldéiere war de Moeritherium, dee virun ongeféier 50 Millioune Joer gelieft huet.
Systematik
[änneren | Quelltext änneren]Vun de Rüsseldéiere liewen nach just dräi verschidden Aarten, déi all zu der Famill vun den Elefante gehéieren:
- Afrikaneschen Elefant (Loxodonta africana)
- Bëschelefant (Loxodonta cyclotis)
- Asiateschen Elefant (Elephas maximus)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Rüsseldéieren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
