Op den Inhalt sprangen

NGC 2359

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) RCW 5)
NGC 2359 / Intenniwwel
Foto mat engem 80cm-Teleskop
Stärebild Canis Major (CMa)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 07h 18m5
Deklinatioun - 13° 13' 8"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz WN
Visuell Magnitude +11,45 mag mag
Wénkelduerchmiesser 10,0' × 5,0'
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Mëllechstrooss
Distanz (Lj) zirka 15000
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum 1785
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
GC 1511
h 3075
NGC 2359
Gum 4
RCW 5
Sh -298

Den NGC 2359, och bekannt als Intenniwwel an Helm vum Thor, ass e Wolf-Rayet-Rankniwwel (eng speziell Aart vun Emissiounsniwwel am Stärebild Canis Major (Groussen Hond). Den NGC 2359 huet eng visuell Magnitude vu +11,45 mag an eng Wénkelausdeenung vun 10.0' × 5.0'. Dësen Emissiounsniwwel gëtt am Géigesaz zu de meeschten aneren net duerch O-Stäre (wéi z. B. den Orionniwwel) oder wäiss Zwergen (wéi d'Planetaresch Niwwel) zum Liichten ugereegt, mä duerch e Wolf-Rayet-Stär. D'Material staamt méiglecherweis och vum zentralen Wolf-Rayet Stär, dat hie bei enger fréierer Explosioun verluer huet.

Den nordwestlechen Ausleefer vum NGC 2359 ass als IC 468 katalogiséiert; beim Objet NGC 2361 handelt et sech ëm e Knuet am NGC 2359.

Portal Astronomie