RGTR-Linn 308

Vu Wikipedia
Bustyp Gelenkbus
Bedreiwer RGTR
Trajet Beetebuerg - Esch-Uelzecht
Bemierkung Schoulbus
Terminus 1
Numm Gare Beetebuerg
Koordinaten 49° 30’ 58’’ N
      6° 06’ 04’’ O
Terminus 2
Numm Lycée Bel-Val
Koordinaten 49° 29’ 39’’ N
      5° 59’ 07’’ O
Aller
Fuerzäit 38 Min.
Halten 19
Retour
Fuerzäit 30 Min.
Halten 13

D'RGTR-Linn 308 ass eng regional Schoulbuslinn déi am Optrag vum Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen vu Beetebuerg iwwer Fenneng, Näerzeng a Schëffleng op Esch-Uelzecht an zeréck fiert. Se gëtt vun der CFL an der Firma „Sales-Lentz“ mat engem Gelenkbus assuréiert a bedéngt vu méindes bis freides an der Schoulzäit follgend Schoulgebaier: LGE, LHCE, LTE, Lycée Bel-Val.

Streck[änneren | Quelltext änneren]

Um Aller geet et vu Beetebuerg iwwer d'N13 op Hunchereng, dann iwwer den CR165 op Näerzeng a vun do iwwer den CR168 op Schëffleng. D'Streck féiert da weider op Esch bis op d'Busgare Dellhéicht, bei den LHCE a laanscht d'Benelux-Plaz a Richtung Lalleng, bis bei den LTE an de Lycée Bel-Val.

Um Retour fiert ee Bus beim LHCE an en zweete beim LGE fort.

Halten op der Linn[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 308 Bemierkung
Bettembourg-Gare
Bettembourg-Kiercheplaz
Bettembourg-Rousegäertchen
Fennange-r.des Champs
Fennange-Am Duerf
Huncherange-Route d'Esch 1
Huncherange-Kräizung
Huncherange-Kierch
Noertzange-Route Principale
Noertzange-Am Duerf
Noertzange-Lohrwies
Schifflange-Gringe Wee
Schifflange-Stadhaus
Schifflange-Huele Wee
Schifflange-Millchen
Esch-Lycée des Garçons
Esch-LHCE
Esch-LT (Sommet)
Belvaux-Lycée Bel-Val

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun den RGTR-Buslinnen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ligne 308 (RGTR) – Biller, Videoen oder Audiodateien