Raymond Lohr

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Raymond Lohr
Gebuer 16. August 1955
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur

De Raymond Lohr, mam Kënschtlernumm Ray L, gebuer de 16. August 1955 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Sculpteur a Grënnungsmember an aktuelle President vum Walfer Kulturschapp.[1]

Hien huet eng ofgeschlossen Ausbildung als Schräinermeeschter gemaach an zugläich, an den 1970er Joren, Sculpteurcoursë beim Josy Jungblut beluecht. Duerno goung hie weider op Mannheim studéieren. Zeréck zu Lëtzebuerg huet de Raymond Lohr eng Plaz al Enseignant ugeholl. An Italien huet hie säi Kënne beim Sculpteur Pierre Weber a beim Professer Cesare Riva weider verdéift.

Hien huet säin Atelier zu Walfer, wou hien de Walfer Kulturschapp 2006 gegrënnt a bis 2019 als President geleet huet

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Ausstellungen[2],[3][4][änneren | Quelltext änneren]

2021[änneren | Quelltext änneren]

  • Rétrospective Atelier Ray-Lohr 2000-2020 am Walfer Kulturschapp[5]
De Raymond Lohr a sengem Atelier

2017[änneren | Quelltext änneren]

  • THE WALL - Europäische Kunstakademie Trier mat der Barbara Heinisch als Prozess-Molerin, an dem Paul Schumacher als Video-Kënschtler vir de Video-Mapping.[6]
THE WALL – analog-digitale Performance, EKA Trier 2017

2016[änneren | Quelltext änneren]

  • Muse-Symposium, Koerich/Luxembourg[7],[8]

2015[änneren | Quelltext änneren]

  • Walfer International Sculptures Symposium[9] Marit Lyckander (Norvège), Maria Rucker (Allemagne), Maurizio Carnevali, (Italie), Patrick Crombé (Belgique), Luca Marovino (Italie), Ray Lohr (Luxembourg). D'Wierker vun den Artisten ënnert dem Theema "Walferdange - Porte de Luxembourg" kruten eng permanent Ausstellung am Park 'am Becheler' zu Bäreldeng.

2013[änneren | Quelltext änneren]

  • Rétrospective Kulturschapp 2007–2013 « en mémoire de Pol Pütz et de Gast Michels »
  • Sixthfloor, Koerich « La passion de la création »

2012[änneren | Quelltext änneren]

  • Symposium Marmythos, Palmi (I) Calabre

2011[änneren | Quelltext änneren]

  • Symposium zu Bréissel, Parc Parmentier

2010[änneren | Quelltext änneren]

  • Rétrospective 2000-2010 Atelier Ray L à Walferdange
  • Ti22 Hommage à Guillaume Justin Kroll - Walfer Kulturschapp

2008[änneren | Quelltext änneren]

  • Oxo Gallery London

2007[änneren | Quelltext änneren]

  • Studio Cesare Riva Milano
  • Studio Michele Benedetto Pietrasanta
  • Epinart Luxembourg-Stroossen
  • Kulturschapp Walfer

2006[änneren | Quelltext änneren]

  • Salon 2006 Cercle Artistique de Luxembourg-Grand Théâtre de la Ville de Luxembourg
  • ART 2006 Ambassade du Luxembourg Bruxelles
  • Hôtel de Ventes Horta Bruxelles

2005[änneren | Quelltext änneren]

  • Nouvel atelier Raymond Lohr à Walferdange (Plâtrières Irthum) (L)
  • Galerie d'art « Am Duerf » à Steinsel (L)

2004[änneren | Quelltext änneren]

  • « Fontana delle Lacrime » am Museo d'Arte Moderna-Pagani Castellanza (VA) Italien[4]
  • Definitiv Installatioun vun der « Evolution III » an der Entrée vun der Maison du Luxembourg zu Bréissel
  • Carrières Feidt zu Ernzen (L) expo: Arts lithiques

2003[änneren | Quelltext änneren]

  • Symposium „TRE“ Cesare Riva - Michele Benedetto - Raymond Lohr Parc Centre Barblé Stroossen
  • expo « TRE » Galerie « A SPIREN » Stroossen Luxembourg
  • expo « TRE » Maison du Grand Duché de Luxembourg Bruxelles
  • expo « TRE » Chiostro di Sant Agostino Pietrasanta Italie
  • expo « TRE » Museo d'Arte Moderna-Pagani Castellanza (VA) Italie
  • expo « TRE » Galleria d'Arte Ciovasso Milano Italie
  • 2e Biennale d'art contemporain Centre Culturel Paul Barblé Stroossen (L)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.freewebs.com/kulturschapp/membres.htm
  2. http://ray-l.lu/english_version/biographie.htm
  3. https://rlohr.wordpress.com/
  4. 4,0 4,1 https://www.museopagani.com/museo
  5. Rétrospective Atelier Ray-Lohr 2000-2020. Gekuckt de(n) 17 September 2021.
  6. https://www.eka-trier.de/veranstaltungen/events/sommerfest-dreams-and-memories.html
  7. Archive copy Archivéiert op 2017-09-04. Gekuckt de(n) 2017-08-22.
  8. Archive copy Archivéiert op 2020-09-21. Gekuckt de(n) 2017-08-22.
  9. https://issuu.com/ipluxembourg/docs/56c1933ddf6ff/18