Raymond Smith Dugan

Vu Wikipedia
Raymond Smith Dugan
Gebuer 30. Mee 1878
Gestuerwen 31. August 1940
Bryn Mawr
Nationalitéit USA
Educatioun Amherst College,
Universitéit vun Heidelberg
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser

De Raymond Smith Dugan, gebuer den 30. Mee 1878 a gestuerwen den 31. August 1940 war en US-amerikaneschen Astronom.

Den Dugan hat 1902 säi Studium am Amherst College (Massachusetts) ofgeschloss a goung dann op Heidelberg, wou hien 1905 am Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl seng Dissertatioun verfaasst hat.

Zu dësem Zäitpunkt war den Observatoire Heidelberger ënner dem Max Wolf en Zentrum fir Asteroidenobservatioun an -entdeckung. Wärend senger Zäit zu Heidelberg entdeckt den Dugan 16 Asteroiden.

1905 goung den Dugan nees zeréck an d'USA a schafft uschléissend op der Princeton Universitéit. 1908 gouf hien Assistent-Professer an 1920 Professer. Am Joer 1909 bestit hien d'Annette Rumford.

1927 verfaasst hien zesumme mam Henry Norris Russell an dem John Quincy Stewart en aflossräicht, zweebändegt Wierk mat dem Titel Astronomy: A Revision of Young's Manual of Astronomy (Ginn & Co., Boston, 1926–27, 1938, 1945), dat iwwer zwee Joerzéngten zum astronomesche Standardwierk gi war. Den éischte Band beschäftegt sech mat dem Sonnesystem, den zweete mat der Astrophysik an der stellarer Astronomie.

Asteroidenentdeckungen: 16
(497) Iva 4. November 1902
(503) Evelyn 19. Januar 1903
(506) Marion 17. Februar 1903
(507) Laodica 19. Februar 1903
(508) Princetonia 20. Abrëll 1903
(510) Mabella 20. Mee 1903
(511) Davida 30. Mee 1903
(516) Amherstia 20. September 1903
(517) Edith 22. September 1903
(518) Halawe 20. Oktober 1903
(519) Sylvania 20. Oktober 1903
(521) Brixia 10. Januar 1904
(523) Ada 27. Januar 1904
(533) Sara 19. Abrëll 1904
(534) Nassovia 19. Abrëll 1904
(535) Montague 7. Mee 1904

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie