Op den Inhalt sprangen

Renée Lazard

Vu Wikipedia
Renée Lazard
Gebuer 6. Mee 1926
Gestuerwen 14. Januar 1942
Poitiers
Nationalitéit Lëtzebuerg
De Stolperstein fir d'Renée Lazard

D'Renée Jeanne Lazard, gebuer de 6. Mee 1928, a gestuerwen de 14. Januar 1942 zu Poitiers[1], war e lëtzebuergescht Affer vun der Shoah.

D'Renée Lazard war d'Duechter vum Véihändler a Metzler Sigismond Lazard a senger Fra Berthe Mayer. Hatt ass am am Alter vun 13 Joer am Exil zu Poitiers, wou d'Famill zanter dem däitschen Iwwerfall gelieft huet, un enger Blinddarmentzündung gestuerwen.

Seng Elteren goufe kuerz dono, zesumme mam Sigismond sengem Brudder Isidor, an der Géigend vu Verteuil verhaft an den 3. November 1942 via Drancy op Auschwitz deportéiert, wou se warscheinlech direkt vergaast goufen.[2]

An der Niklosstrooss zu Déifferdeng, virun hirer Wunneng, goufen den 28. Oktober 2014 véier Stolpersteng geluecht, fir un d'Famill Lazard z'erënneren.

Zu Déifferdeng gouf weiderhin eng nei Strooss nom Renée Lazard genannt.[3]


Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Avis Mort. 13 Page 5. In: Luxemburger Wort, 1947. Jg., nº 160 (09.06.1947), p. 5. [Digitised by the National Library of Luxembourg]
  2. D'Liewensdate vun den Affere berouen op de Recherche vum Historiker Cédric Faltz, déi hien 2014 am Optrag vun der Stad Déifferdeng, zesumme mat de Geschichstfrënn Déifferdeng fir d'Ausstellung «Quand Differdange devint "judenrein". Le jour où nos chemins se séparèrent» gemaach huet.
  3. Adresses du Grand-duché de Luxembourg op geoportail.lu.