De Republikanesche Kalenner, och franséische Revolutiounskalenner genannt, gouf zur Zäit vun der franséischer Revolutioun vu 1789 agefouert.
D'Erfindung vum Kalenner ass progressiv iwwer d'Bün gaangen. Schonn den Dag nom Stuerm op d'Bastille de 14. Juli1789 war et normal, d'Joer 1789 als « l'an I de (l'ère de) la Liberté » ze nennen; D'Méint an Deeg sinn awer d'selwecht bliwwen. Am Joer IV, den 22. September1792 huet d'Convention nationale dekretéiert: « Tous les actes publics sont désormais datés à partir de l'an I de la République ». Den 20. September1793 huet de Charles Gilbert Romme virun der Convention säi Projet presentéiert, aus deem de Kalenner sollt ginn. A Kraaft getrueden ass de Kalenner no klengen Ännerungen den Dag nom Dekreet vun der Convention nationale vum 14. VendémiaireJoer II. [1]
D'Nomenklatura vun de Méint an den Deeg huet sech an de follgende Méint weider entwéckelt. En neien Dekreet vum 4. FrimaireJoer II huet dem Kalenner seng definitiv Form ginn, an d'« ère vulgaire » fir d'zivil Benotzung ofgeschaaft. Den 22. September1792 gouf als éischten Dag vun der « ère des Français » festgesat. Fir déi nächst Jore sollt den éischten Dag vum Joer ëmmer dee vun der Equinoxe zu Paräis sinn, wat dem Gregorianesche Kalenner no tëscht dem 22. a 24. September war.
Well d'Revolutioun aus Frankräich e laizistesche Staat gemaach hat, wollt sech de republikanesche Kalenner däitlech vum gregorianesche Kalenner distanzéieren, dee mam Chrëschtentum verbonne war.
D'Kalennerjoer war an 12 Méint ënnerdeelt, an all Mount hat 30 Deeg (= 360 Deeg), plus 5 - 6 Deeg (jee no Joer) déi um Enn vum Joer derbäigesat goufen, fir datt d'Joer mam tropesche Joer (~ 365¼ Deeg) iwwerenee gestëmmt huet. All Mount war an 3 Dekade vun 10 Deeg ënnerdeelt. Den Dag gouf nom Dezimalsystem ënnerdeelt: « de minuit et minuit », an hat 10 Stonnen déi an 10 Partien ënnerdeelt waren, déi hirersäits och nees an 10 Partien ënnerdeelt waren a sou weider « jusqu'à la plus petite portion commensurable de la durée ». D'Dezimaldivisioun vum Dag gouf 1795 nees ofgeschaaft.
D'Nimm vun de Méint huet sech de Poet Fabre d'Églantine mat der Hëllef vum André Thouin, Gäertner vum Jardin des Plantes vum Nationalmusée fir Naturgeschicht ausgeduecht. All Mount huet un een Aspekt vum franséische Klima erënnert (Dezember, Nivôse, Neige - Schnéi) oder u wichteg Momenter vum ländleche Liewen (Septemher, Vendémiaire, d'Vendangen). De Kalenner, dee seng Schëpfer als universell wollten duerstellen, war staark u säin Ursprongsland gebonnen, an un d'wirtschaftlecht Gewiicht, déi d'agrar Aktivitéiten haten.
De Kalenner huet sextil Jore produzéiert (déi 6 Deeg méi haten): dëst waren d'Joren III, VII an XI. Dësen Dag, deen um Enn vum Joer derbäigesat gouf, gouf "Jour de la Révolution" genannt, deen d'Enn vun enger Franciade markéiert huet, an dee wéi en Nationalfeierdag gefeiert gouf.