Walhai

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Rhincodon)
Walhai
E Walhai

E Walhai
E Walhai
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordadéieren
Klass: Knorpelfësch
Uerdnung: Orectolobiformes
Famill: Rhincodontidae
Gattung: Rhincodon
Aart: Walhai
Wëssenschaftlechen Numm
'Rhincodon typus'
Andrew Smith 1828


D'Walhaie (Rhincodon typus) sinn déi gréisst vun den Haienaarten, déi haut existéieren, an och déi gréisst lieweg Fësch.

Dat gréisst Exemplar dat bis haut gemooss gouf war 13,7 m laang, et sollen awer och nach méi grousser gesi gi sinn. Walhaien erniere sech vu Plankton an anerem ganz klengem Gedéiesch, andeems se Waasser asuckelen a filtréieren. Se sinn deemno ongeféierlech fir de Mënsch.

De Walhai ass déi eenzeg Aart vun der Gattung Rhincodon, déi hirersäits déi eenzeg Gattung bannent der Famill Rhincodontidae ass.

Walhaien hunn eng groelzeg, brongelzeg oder bloelzeg Faarf. De Bauch ass hell gefierft, um Réck si Flecken a Sträifen, déi queesch Linne bilden. Seng grouss Maul geet iwwer déi ganz Breet vu senger flaacher Schnëss. Se huet eng 3.600 kleng Zänn, déi an enger 300 Reien no beienee stinn.

Walhaie sinn ronderëm d'Welt a waarmen, tropeschen a subtropesche Mierer ze fannen. Se planze sech eréischt am Alter tëscht 10 an 30 Joer virun a kënnen alt 100 Joer al ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Walhai – Biller, Videoen oder Audiodateien
Gréisst am Verglach mam Mënsch
Wou et e gëtt